Lieserbréif vum Jean BodenTanken zu Lëtzebuerg

Ee vun deene beléiftsten Themen an der politescher Diskussioun hei zu Lëtzebuerg ass jo de sougenannten Tanktourismus. Lo läit jo eng Etude um Dësch vum Här Ewringmann, déi hei soll méi Kloerheet bréngen. Wann ee sech awer dann dës Etude duerchliest, dann ass een dono awer net ganz vill méi schlau wéi virdrun, ausser d'Bestätegung, datt et keen nennenswäerte richtegen Tanktourismus gëtt.

Hei kann ee vun zwou groussen Axe schwätzen, eng Kéier vum Ekonomeschen- an da vum Ëmwelt- a Gesondheets Aspekt.

Vum reng Ekonomeschen Aspekt gekuckt, huet Lëtzebuerg hei jo näischt anescht gemaach wéi och all déi aner EU Länner, mir hunn ons Accisen a Steieren an der EU Tabell positionnéiert. Dëst dann awer ob engem méi niddrege Level, wéi ons Noperen. Wat jo ganz legitim ass, well keen hënnert déi aneren drun et d’selwecht ze maachen. Dëst, a vir un allem ons geographesch Situatioun matten an Europa, respektiv onsen Ekonomesche Modell mat den 160.000 Frontalien bréngt da mat sech, datt mir ons hei eng ganz wichteg Steierquell erschloss hunn. Dës Recetten bréngt dës Etude dann a Relatioun mat engem theoretesche Käschtepunkt vun Ëmwelt- respektiv Gesondheetsschied, a kënnt zur Konklusioun datt mir, alles aberechent (Tanken, Akafen, Iessen) hei Recetten vu ronn 2,1 Mrd € hunn par Rapport zu ronn 3,5 Mrd. € Käschten, wouvun da ronn 2,7 Mrd € vun dëse Käschten am Ausland entstinn. Och wann dës Berechnungen op verschidden diskutabel Parameter berouen, sinn ech der Meenung, datt dëst duerchaus realistesch ka sinn. Awer a kengem Zeenario aus dëser Etude entsti substantiell manner Käschten, awer bei verschidden Zeenarie massiv manner Recetten fir Lëtzebuerg, also haaptsächlech wa Lëtzebuerg géif seng Accisen a Steieren un ons Noperen upassen. Ee vun den Zeenarie gesäit z.b. vir, datt mir, wéi an der Belsch, géifen d’Accisen ob Bensin an Diesel staark erhéijen, an dofir awer fir den Camionneuren dës Erhéijung géifen erëm rembourséieren, wat defacto géif bedeiten, datt just den Normalverbraucher hei géif zur Kees gebiede ginn. Ee weideren Aspekt hei, deen an dëser Etude guer net berücksiichtegt gouf, ass, datt all déi Transportmëttel (Auto, Camion, Bus...) jo och an engem anere Land produzéiert gi sinn, an déi fossil Brennstoffer jo och importéiert sinn, an do och Käschten a Recetten entsti sinn, déi, wann een alles consideréieren a méi global denke géif, och hätt mat afléisse missen.

Lo gëtt et awer och nach den Ëmwelt- a Gesondheetsaspekt, an hei stellt sech d’Problematik vill méi global. Wéi schonn an de Zeenarien duerchgespillt, bréngt, hei reng fiskalesch gesinn, keng Erhéijung eng substantiell Verbesserung. Dëst geet menger Meenung no just mat ëmmer méi Elektromobilitéit respektiv an enger Iwwergangsphase mat Hybrid Systemer. Hei ass och eng wesentlech méi interessant (och finanziell duerch Subsiden) staatlech Ënnerstëtzung d’Viraussetzung, jiddefalls fir eng ganz Rei vu Joren. Dëst och am Transportsecteur. Hei kennt een z.b. higoen a just nach Busse mat Waasserstoff Motoren uschafen, wat fir ons Stied eng net vernollässegbar Verbesserung géif duerstellen, besonnesch wann een den ëffentlechen Transport wëll a muss ausbauen. Och mat technesche Verbesserungen um Verbrennungsmotor respektiv u Batterien vun Elektrogefierer kann een nach munches maachen. Awer Fakt bleift, datt ons Mobilitéit hire Preis huet, an deen ass definitiv zum Ongonschte vun onser Ëmwelt an onser Gesondheet. Et si jo sou muench Ustrengunge gemaach ginn, a ginn och nach weider gemaach, an der ‚Doucer Mobilitéit‘, sou datt hei och lues a lues dës positiv Auswierkunge wäert hunn.

Als Fazit kann ee soen, datt och den Här Ewringmann zur Konklusioun kënnt datt den Impakt vum Transportsecteur insgesamt souwuel fiskalesch wéi ëmweltpolitesch, ganz grouss Auswierkungen och an Zukunft wäert behalen. Also fiskalesch als Boni fir de Staat an ëmweltpolitesch als Belaaschtung.

Et gëtt keng Zauberléisung vun dëser Problematik, dëst wäert awer lues a lues geschéien, a mëttel- bis laangfristeg gesinn ännert sech dat zum positive fir d’Ëmwelt. Well da jo och déi Recetten da gréisstendeels ewechfalen, misste mir haut schonn ufänken wéinstens een Deel vun dëse Recetten an ee Fong gi fir heimat déi Mesuren ze finanzéieren déi et ons erlaben dat ze kompenséieren.

BODEN Jean
Gonnereng

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.