Lieserbréif vum Roby ZennerRecyclingshaff Déifferdeng : eng richteg Mausfal

Virun e puer Méint ass de Recyclingshaff zu Déifferdeng zougemaach an e vill méi e groussen, iwwersiichtlechen a kammouden « op Gadderscheier » zu Nidderkuer erop opgemaach ginn.

Et huet ee wierklech musse staunen, wéivill gutt Verbesserungen di nei Anlag mat sech bruecht huet, och wann ee muss deen een oder anere Kilometer méi fueren, fir derbäi ze kommen.

Wat awer absolut onverständlech ass, dat ass di richteg Mausfal, déi an där neier Anlag agebaut ginn ass. Wann s de an d’ Entrée kënns, gesäis de net, ob een, véier oder zwanzeg Autoe virun der halen, well du gesäis net hannert d’ Kéier. Da fiers de gemittlech zu enger Einbahn eran, an no e puer Meter kriss de dann den Tubak : méi wéi eng Kéier stinn eng Dosen an nach méi Autoe virun der. Dat wier näischt, mee et geet an et geet dacks net virun : di eng hu keng Kaart fir eran, di aner wëssen net, wéi et geet, nach anere geet den Auto aus an net méi un an net seelen ass d’ Luucht fir eran rout, da gräift d’ Kaart net.

An da stees de do an der Einbahn an der Mausfal wéi an der Rei fir an e Parking ënnert dem Buedem oder wéi virun der Kontrollstatioun. Zéng Minutten, eng Véierelstonn, an et geet an et geet net virun an net zeréck. Virdrun Autoen, hannendrun Autoen. Motor aus, Motor un. Wee wëllt dann do nach vun CO2 schwätzen ? Un eng Toilette ass net ze denken, Leit, déi e Rendezvous hu verjuppen dee souwisou, Clienten, deenen et schlecht gëtt, hu keng Méiglechkeet fir zeréck ze fueren, wa bei enger Fra d’ Wéien ufänken, riskéiert se, op der Plaz ze accouchéieren.

Bei esou enger grousser Anlag misst et dach méiglech sënn, datt eng kleng Méiglechkeet agebaut ass, fir ëmzedréien oder duerch e Schloff – eng Zort « Sortie de secours » - eraus ze fueren.

Wann een esou an der Mausfal hält, da vermësst een déi Méiglechkeet, déi ee virdrun an der Rue du Gaz zu Déifferdeng hat.

Mee nach ass et méiglech, esou eng Sortie an der Waardeschlaang ze schafen. Et brauch just e bësse gudde Wëllen.

                                         Roby ZENNER



 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.