Carte Blanche vum Paul KremerNäid

Näid ass kee gudde Beroder, weess de Paul Kremer

Wie lieft net gär an engem anstännege Staat, wou net agebrach gëtt, d’Leit sech net zerklappen, eise Virgäertchen net zertrëppelt gëtt a kee vrun eise Garagen-Afaarten parkt?

Sou hätte mir et gär, a sou hu mer et, zefriddestellend. – Nu brauch all Staat dofir Geld: hie muss jo fonctionnéieren, aushëllefen, organiséieren, Initiatiounen huelen. Dofir ass jidderee gebieden, seng Deel bäizesteieren. Dofir also de Numm: Steiere bezuelen.

Wat een ewech gëtt, huet ee net méi. A wann ee mer seet: kuck, ech weisen dir, wéi’s de legal Steiere spuere kanns – wie seet da neen?

Nu liewe mir, an déi Aner och net, eleng op dëser Welt, a jiddwer Staat ka sech seng Gesetzer ginn, un déi seng Leit sech mussen halen, well soss de Buttek zougemaach gëtt. – Wat awer ass dann, wann ech, du, eng Bank, eng Entreprise probéiert, iwwerall do, wou se präsent ass, Steieren ze spueren, legal? Da nämlech, wann een ëmmer déi jeeweileg Legislatioun respektéiert. Nëmme grad: et gëtt där e Koup, a wat hei verbueden ass, ass do iwwer vläicht erlaabt, an ëmgedréit.

Een Euro vun dräi kënnt hei zu Lëtzebuerg aus sou legale Geschäfter mam Hin-an-Hir. Allerdings: fir dat sou fäerdeg ze bréngen, muss ee clever sinn. – Déi eng sinn et, déi aner net. Am Foussball ass et net anescht.

An d’Moral? D’Moral vun der Geschicht ass de Näid. Wann de Noper sou Steiere spuert, nëmmen ech dat net fäerdeg bréngen, fannen ech et net moralesch, well ech selwer net sou gutt ewechkommen. Bei Länner ass et net anescht. – Méi ass dann och net dozou ze soen. Wat d’Moral bei Waffen-Handel ass, steet op engem anere Blat. – Lëtzebuerg op jiddefalls verkeeft keng Panzer an eisen éischte Flugzeugträger misst mol d’éischt op der Musel getest ginn.

Sou wäit awer si mer nach net.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.