Lieserbréif vum Marie-Andrée FaberTraureg, traureg

An der Vakanz haten mer drei vun eisen Enkelen e puer Deeg op Besuch.

Dat war ganz flott, an mir hun eis gut ameséiert mat Gesellschaftsspiller, Liesen, Molen a Geschichtenerzielen.

Wann t‘Wieder et erlabt hun, waren mer dobaussen. Mir sin spaséieren gang, an si hun Stopches a Reiber a Jandarm gespillt.

A beemol ass et mer eppes opgefall. Si waren déi eenzeg Kanner weit a breed...

Alles war roueg a verloossen. Keen Kannerlachen war ze héieren. Nëmmen Erwuessener huet een gesin, wann net zoufälleg e puer Touristen mat der Famill laanschtgangen sin…

Et stëmmt zwar, dat eng Rei Lëtzebuerger verreest sin, mee nach lang net all.

Wou sin all déi Kanner wuel ?

T‘Antwort ass: an der Crêche.

Souguer an der Vakanz kënnen si net man, wourop se grad Loscht hun.

Alles ass duerchorganiséiert.

Dat kënnen nach sou flott Aktivitéiten sin, mee si sin net frei fir sech auszetoben.

A sou geet hir Kandheet riwer...

Ech fannen dat einfach traureg.

 

Marie-Andrée Faber-Schanen


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.