Apropos vum Roland KaltéChange

D'Joer huet changéiert, mir schreiwen 2017. A mam Datum changéieren och aner Saachen, oder net? Oder besser dach? De Roland Kalté iwwerschreift den éischten Apropos am Joer mat "Change".

"Am neie Joer gëtt alles anescht, loosse mech nit méi esou ënner Drock setzen, huele mer méi Zäit fir mech, krempelen d’Liewen e bëssen ëm."
 
Mä dat Gefill, dee Virsaz wäert och dës Kéier nit laang unhalen. Den Alldag kéint erëm an ’t mierkt een, dass d’Zäit einfach nëmme weiderleeft.
 
Verännerung fält eis schwéier, esouguer, wa mer s’eigentlech wëllen. A si ass jo eigentlech och ëmmer do. Schonn eleng eise Kierper wandelt sech jo permanent. Fir d’éischt wiisst en, da schrumpft en erëm zesummen. Mä do ass se eis nit bewosst, leeft esou am Hannerground af.
 
Engersäits fäerte mer d’Monotonie, mer langweilen eis séier, verspieren den Drang op eppes Neies, anersäits schafe mer eis Routinen, an deene mer eis gebuerge fillen. Verännerung ass ustrengend, an dofir – loosse mer dat.
 
Verännerung brauch Courage. Gewunnechte sinn dofir esou geféierlech, well mer se ni hannerfroen. Vläicht, oder wahrscheinlech ware s’eemol gutt, sinn et awer nit méi.
 
Wee sech nit verännere wëllt, verléiert d’Verbindung zur Welt, déi sech permanent weiderentwéckelt. Trotzdem muss ee sech hautdesdaags bremsen, nit all Rotschlag vu Coachen, Lieweshëllef-Guruen & Co unzehuelen.
 
D’Konscht läit an der Balance, zefridde kënnen ze sinn mat deem, wat ee grad huet. An trotzdem nit als onverännerlech ze bleiwen.
 
 
Apropos: Change


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.