Apropos vum Sandra MélanBrécke bauen

Hautzedaags kann een sech iwwer déi verschiddenst Weeër informéieren. Sief an der geschriwwener Press, um Radio, der Tele oder um Internet. D‘Sandra Mélan huet zwee Artikelen erausgepickt, déi iergendwéi mat der Erzéiung vun de Kanner ze dinn hunn.

An engem Artikel um Internet hunn ech gelies, datt eng Schoul a Portugal den Eltere matgedeelt huet, datt si doheem de Kanner Manéieren, Respekt an Toleranz solle bäibréngen. Eng éischter ongewéinlech Manéier fir op dës Problematik opmierksam ze maachen. Mä et ass awer wichteg, sou fréi wéi méiglech de Kanner déi richteg Wäerter mat op de Wee ze ginn. Dat ass grad sou wichteg wéi Schoulmatière wéi d'Sproochen, d'Mathe, d'Geo a sou weider.

A fir déi meescht Eltere dierft dat jo och selbstverständlech sinn.

Eng aner Method fir de Kanner scho fréi méi Versteesdemech mat op de Wee ze ginn kënne Spillsaache sinn. Bei de Spillfigure respektiv bei de verschiddene Charakteren an de Kannerbicher stécht oft eng Hautfaarf eraus: déi hell. Och Theme wéi Alter a Krankheet solle keng Tabue sinn.

Zwou däitsch Mammen, d‘Sina Hätti an d‘Anna Cardinal vun der Associatioun vun de binationale Familljen a Partnerschafte vun Hamburg, hu selwer Kanner mat enger däischterer Hautfaarf. Hier Kanner konnten sech ni richteg mat de Spillsaachen identifizéieren, dofir hu si sech an hirer Associatioun d‘Zill gesat d‘Spillsaachenindustrie ze sensibiliséieren nach méi wéi bis elo Rücksiicht op déi verschidden Hautfaarwen ze huelen.

An eiser Multi-Kulti-Gesellschaft ass et ubruecht, wéinst der Diversitéit dësen Tabu schonn am Spillzëmmer ze ënnerbannen.

Zwee Artikele mat verschiddenen Themen an awer hu si iergendwéi mateneen ze dinn. Respekt ass déi grouss Iwwerschrëft, déi se verbënnt. Et ass egal wéi eng Hautfaarf een huet, ob een mat engem Kranken ze dinn huet, engem Matschüler, mat enger eelerer Persoun. Grad haut ass et wichteg, de richtege Grondsteen ze leeën.

Fir datt éischter Brécke gebaut ginn, an net Maueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.