Apropos vum Daniel NepgenE Glas voller Iddien

Am digitalen Zäitalter gëtt villes méi laang an intensiv geschleeft wéi fréier an entwéckelt sech duerch "sharen" zum skandaléise Perpetuum mobile, deen a regelméissegen Ofstänn an de sozialen Netzwierker optaucht. Do hëlleft och keen Argumentéieren oder Widderleeën. Den Daniel Nepgen mat engem aktuelle Beispill.

Apropos: E Glas voller Iddien


D'Form vum Glas kënnt mer bekannt vir um Bild. Mä dat, wat dra gemoolt ass, net. Kee Schockelasbotter, mä déi eenzel Bestanddeeler separat, wéi déi schematesch Buedemschichten an engem Geographiesbuch. 40 Prozent vum Glas, also de ganzen ënneschten Deel, si rengen Zocker. A ganz uewen: ee Véierel Palmueleg. De Kolleg huet driwwer kommentéiert. "Skandal!". Wéi kann een esou eppes iessen? Puren Zocker. An och nach Palmueleg. Denkt da keen un déi cancérigène Glycidyl-Fettseierreschter, schreift en do. Ech wousst net, dass en ewell Hobbychemiker wier.

Huet mech déi däitsch Fussballnationalequipe wierklech jorelaang dozou bruecht, mir mäi Kriibs selwer ze zillen? Mesut, Mats a Manuel hunn ëmmer esou genësserlech an d'Schmiere mat der donkelbronger Pap gebass. De Produzent vun der Crème gesäit sech gezwongen, ëffentlech zu de Reproche Stellung ze huelen. Esou aggressiv gëtt dat an de soziale Medie gedeelt a ge-"liked". Mat all Klick a mat all entsatenem Condamnatiouns-Commentaire ënnert dem Artikel fillt sech den Otto Normal User wahrscheinlech als klengen David, dee mat villen aneren Daviden de béisen Séissegkeetegigant stierzt, deen eis kee Pleséier bréngt, mä Tumoren a Metastasen.

E bessert Beispill fir eis postfaktesch Welt gëtt et net. Iwwerschrëft liesen, Bild kucken, Meenung bilden. Op der Etikett vun där Noss-Nougat-Crème, déi et iwwregens schonn iwwer 50 Joer laang gëtt, steet Zocker als éischten Ingredient. Liicht et engem do net selwer an, dass ee net all Dag en Eemer dovu soll jicken? Fir de Genoss sënnegt een eben e bëssen. Mä esouguer wann ech en Eemer dovu géif iessen: Öko-Test hat scho virun 3 Joer op Nofro hi berouegt a gesot, dass keng gesondheetsschiedlech oder bedenklech Stoffer an dëser Crème ze fanne sinn. De Produzent notzt säi Palmueleg eegenen Aussoen no am Kader vun engem schounende Verfahren. Keen Test-Resultat a keng Etude deit op de Contraire hin.

Dat eenzegt Argument, dat ech gëlle loossen, ass dass fir Palmuelegplantagen op ville Plazen op der Welt onnéideg Bësch zerstéiert gëtt. Mä da loosst an Zukunft w.e.g och d'Fanger vu Wäschmëttel, Duschgel, Käerzen, Pizza a Lëppestëft. Well do ass och meeschtens Palmueleg dran. Wa scho konsequent, da richteg. Dofir geet ee labbere Facebook-Klick awer net méi duer.

Just fir komplett ze sinn: déi italienesch Noss-Nougat-Crème huet e Sonneschutzfaktor vun 9,7. Wann der am Summer mol eng kéier keng Sonnecrème bei Hand hutt ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.