Apropos vum Gérard FloenerRegelen

Firwat ginn et iwwerhaapt Regelen. Wiere mir net vill besser drun, wann déi ofgeschaf géife ginn, a jiddweree kéint nach just maache wéi e wéilt? Déi Fro beschäftegt de Gérard Floener schonn zanter enger Zäitchen.

07/02/2017 Apropos: Regelen



Ausléiser dofir wor eng Situatioun déi ech erlieft hunn, wéi eng meng Kanner bei der Schoul ofgeholl hunn. Mir stounge bei der rouder Luucht an hunn zesumme mat anere Leit drop gewaart, datt d'Foussgänger gréng kréien, fir op déi aner Säit kënnen ze goen. Eng Regel, déi ech menge Kanner vu klengem un agetriichtert hunn.

Mä da ginn et Erwuessener, déi di Regel einfach ignoréieren. An dësem Fall wor et eng Persoun déi gejoggt ass, a net aus hirem Rhythmus wollt kommen. Si huet eng Kéier séier gekuckt op keen Auto géif kommen, an ass du bei rout iwwert d'Strooss gejoggt.

De Ausdrock am Gesiicht vu menge Kanner wor kloer: Si hunn net verstan, firwat si ëmmer musse bei rout stoe bleiwen, an déi Persoun einfach esou huet dierfen eriwwer "lafen".

De Mann vun der Gemeng deen all Dag bei egal wéi engem Wieder bei der Schoul steet an oppasst, datt kengem eppes geschitt huet just d'Schëllere gehuewen a gemengt, hien hätt do souwisou näischt ze soen!

An eng Remarque un déi betraffe Persoun huet och just ee Bléck provozéiert, wéi wann ech vun engem anere Planéit géif kommen.

Dat ass just ee Beispill vun enger Situatioun, an där Regelen einfach ignoréiert ginn. Wéi dacks gëtt nach séier mam Auto bei rout Gas ginn fir awer nach mat duerch ze kommen? Mat Winker ofbéien ass wéi et schéngt ee Luxus ginn, an esou weider.

A wat ech méi driwwer nodenken, wat mir nach méi Situatiounen afalen, an deene sech méi oder manner bewosst iwwert Regelen ewech gesat gëtt. Net nëmmen op de Stroossen, mä an alle Beräicher.

Also stellen ech mir am Eescht d'Fro, op mir Regelen net einfach ofschafe sollen. Jiddweree mécht just nach wéi e wëll, fräi nom Darwin wäerten déi Stäerkst schonn iwwerliewen a sech duerchsetzen.

Meng Hoffnung an deem Fall ass awer, datt dem Kant säi kategoreschen Imperativ sech awer villäicht duerchsetzen kann. Deemno soll jiddwereen esou liewen, datt säi Behuelen een allgemengt Gesetz kéint ginn.

Ech fäerten awer, datt mir Mënschen nach esou bal net prett sinn, fir dee gemeinsamen Nenner ze fannen deen esou eng Entwécklung méiglech mécht.

Déi Iwwerleeunge brénge mech um Enn awer vu mengem eigentleche Gedanken of. Well sinn déi Regelen un déi ech mech halen, an déi ech menge Kanner vermëttele wëll net grad esou subjektiv richteg, ewéi d'Behuele vum Jogger? A wat gëtt mir dann d'Recht fir d'Behuele vun enger anerer Persoun ze beuerteelen?

Ech mengen, ech hu fir déi nächst Zäit nach genuch Fudder fir mir de Kapp weider ze zerbriechen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.