Apropos vum Bea KneipWéi geet et?

Eng banal Fro, déi mer dacks stellen a beäntwerten. Mä villäicht ass se jo guer net esou banal...”Wéi geet et?” freet d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

“Gutt!” dat ass d’Standardäntwert déi mer jo meeschtens ginn, op déi Fro “wéi geet et?” An dat och, wa villäicht net grad alles am Botter ass. Fir gewéinlech ass dee klenge Saz jo och net méi wéi eng Héiflechkeetsfloskel, eppes wat een eben esou seet. An dem Fall interesséiert et eise  Géigeniwwer jo net wierklech, an dat “Gutt” ass einfach d’ Retourfloskel.

An anere Fäll ass awer echten Interessi dohanner, wann d’Fro zum Beispill vu Frënn oder Familjemembere kënnt, déi sech villäicht tatsächlech Gedanken em ee maachen. Da kann ee roueg och emol méi Detailer ginn, oder och net, je nodeems.  Oder et ass en Dokter dee freet, an och dann weess ee ganz genee wéi een äntwerte soll. 

Mä heiansdo fonctionnéiert den Automatismus net. Wann een zum Beispill engem begéint deen ee laang net méi gesinn huet, et freet ee ganz lëschteg an onbeschwéiert, ma wéi geet et dir dann haut? An da kënnt eng Äntwert mat der een net gerechent hat. Krankheet, Doud oder Trennung, iergendeppes dat net méi mat enger Floskel ewechzewëschen ass. Da schléckt ee meeschtens eng Kéier an déi richteg Wierder sinn op eemol net méi esou einfach ze fannen. Natierlech gëtt et och fir esou Fäll e ganze Repertoire un eidele Riedensaarten, mä déi hunn den Nodeel, dass se, nujee, eben eidel sinn. Do huet ee villäicht besser, et leet ee fir e klenge Moment seng Alldagsmask oof, an et probéiert een den aneren tatsächlech ze verstoen, a mat him oder hir ze fillen. Matgefill eben, dat ass och am Joer 2017 nach net aus der Moud.

An da gëtt et nach aner Fäll...wou ee ganz onschëlleg freet, an direkt mierkt, dat war ee Feeler! Wann een eng ganz Litanei opgedëscht kritt, vum gebrachene Fangernol, iwwert d’Faarf vum neien Auto, déi een sech eigentlech en Tick méi hell oder méi däischter virgestallt hat, bis hin zum Wieder, dat wierklech net dat mécht, wat et soll, ze waarm, ze kal, ze fiicht oder ze dréchen, mä ebe just net esou wéi et grad genehm wier.  Dem Gesouers nolauschteren ze mussen, ass net onbedéngt agreabel, mä et huet een op d’mannst een Trouscht: et brauch een sech em säi Géigeniwwer keng Suergen ze maachen, well een dee permanent nëmme meckert, dem geet et meeschtens: gutt!

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.