Apropos vum Rich SimonFléien

De Rich Simon hëlt eis mat an de Fliger. Hien ass nämlech erstaunt driwwer, wat een alles erlieft wann ee an d'Loft geet. A wéi d'Leit dacks an d'Loft ginn, wa se an de Fliger klammen.

Apropos: Fléien


Iergendwéi hunn ech d'Gefill, wéi wa verschidde Leit eng Metamorphos matmaache wa se bis den Terminal gesinn. Et schéngt wéi wann der vill hir Kannerstuff géife verléieren. Amplaz sech ze freeën dass et endlech an d'Vakanz geet, ass bei villen eng gewëssen Aggressivitéit ze spieren. Heiansdo deet mir d'Personal wierklech leed, wat si sech mussen unhéieren. D'Wallis ass e puer Kilo ze schwéier, de Passagéier gëtt drop opmierksam gemaach an d'Fra oder de Mann hannert dem d'Check-In gëtt awer ugegranzt. Dobäi hu si d'Wallis net gepaakt.

Weider geet et duerch d'Sécherheetskontroll. Obwuel schonns zanter Jore gewosst ass, dass ee verschidden Objeten net däerf mat huelen, gi se an den Handbaggage agepaakt. D'Kiwwele mat zum Deel nach bal volle Gedrénksfläschen (jo déi däerf een net mat an de Fliger huelen) sinn dacks bis un de Bord gefëllt. A wien ass nees de Béisen. Natierlech d'Sécherheetspersonal.

Ganz interessant ass och nach d'Behuele vu verschidde Leit wa se, wéi dat op grousse Fluchhäfen haut normal ass, op de Lafbänner ënnerwee sinn. Déi sinn u sech geduecht fir Leit déi net esou gutt ze Fouss sinn, oder awer Leit déi presséiert sinn. Amplaz schéin alleguerten op enger Säit ze stoen, fir dass déi presséiert Leit gutt laanscht kommen, sti se riets a lénks oder hänken unenee wéi Teenager déi sech virun zwee Deeg eréischt verléift hunn.

Wann et da bis an de Fliger geet, ass de Chaos virprogramméiert. Iwwer Lautsprecher gëtt annoncéiert, dass fir d'éischt déi hënnescht Reie sollen era goen. Bei eis um Findel an dräi wann net esouguer a véier Sproochen. Trotzdem ginn et der déi, wéi et schéngt, keng vun deene Sprooche verstinn. Et gëtt sech no vir gedréckt, wéi wann et keng Plaz méi am Fliger géif ginn.

Wann een dann awer schéi brav gewaart huet an et geet een an der Fliger eran, kann ee just hoffen dass net schonns een aneren engem seng Plaz geholl huet. Awer och dat kennt regelméisseg vir. Bis déi Persoun dann hire Boarding Pass fonnt huet fir de Beweis ofzeliwweren dass se dann awer falsch setzt sinn anerer schonns nees genervt, déi doduercher am Gank net laanscht ee kommen. D'Excuse déi een dacks héiert ass déi, dass Kabine-Personal gesot huet, dass si sech soll dohinner setzen. Also alt nees dat.....dir wësst schonns, Personal.

Iwwer d'Iesse gëtt sech souwisou opgereegt. Dat ass ganz einfach ni gutt. Et ass natierlech immens wichteg, dass ee sech während den 2 Stonne wou een am Fliger setzt, ravitailléiert. Et wëll ee jo keng, fir et sportlech auszedrécken, Fringale erwëschen.

De Supergau fir vill Leit ass awer dee, wann hir Wallis net ukënnt. Jo ech weess dat ass net cool. Wat sech awer déi Leit mussen unhéieren, déi hannert dem Reklamatiounsdesk setzen, dat ass schonns staarken Tubak. Dobäi kënnen déi jo awer wierklech am allermannsten dofir wann ee Bagage feelt.

Fléie kéint esou schéi sinn. Wa jiddwereen nëmmen e bësse Récksiicht op deen anere géif huelen a wat jiddwereen deem anere mat deem néidege Respekt entgéint géif kommen.

Ech mengen awer, dass dat ee fromme Wonsch bleift.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.