Apropos vum Christiane KremerVergaangen awer net vergiess oder vergiess awer net vergaangen

Et ginn se, déi verloosse Plazen op der Welt, wou een d'Impressioun huet, iergendeen hätt Zäit ugehalen fir datt näischt vun deem, wat do steet, verschwanne kann. Och wann d'Liewen laang draus verschwonnen ass. D'Christiane Kremer huet esou Plazen erëmfonnt.

Iergendwéi hunn se eppes, dës Plazen a verloosse Gebaier, déi eemol eng Bedeitung haten an déi lo kee méi brauch, mä déi awer och kee wëll ewechhuelen. Firwat eigentlech? Sollen se erënneren u grouss Zäiten oder traureg Evenementer? U falsch geplangten Haiser oder iwwerflëssege Räichtum, u sportlech Leeschtungen a kulturell Wonnerwierker?
Fir munchereen hänken och ganz perséinlech Souveniren drun.

D'Haus an deem ech opgewuess sinn, wier sou eng Plaz. Mä d'Haus gëtt et net méi, ausser op Fotoen. An dach sinn ech nach heiansdo dran, wann d'Erënnerunge sech an den Dreem duerchsetzen. Dann ass op eemol alles nees kloer, déi gréng Fassad oder déi giel-brong Plättercher aus der Kichen. A moies sinn déi Biller nees verschwonnen.

Grad ëmgedréint ass et mer gaangen, wéi ech e Sonndeg de Moie laanscht d'Uelzecht getrëppelt sinn a vrun engem Gebai stoung mat Fënsteren aus deenen zerfatzte Riddoe erausgefladdert sinn, enger faarweg bemoolter Fassad, vergiessen a verraschte Still an zwee verdréchent Poolen. Op eemol waren d'Biller vu relaxe Momenter op der Sonnewiss bei der Piscine nees do.

"Et ass spooky", sot nach eent an ech sinn dunn nees zeréck an déi verloosse Realitéit komm.

Nach ganz frësch sinn d'Erënnerungen un eng aner Plaz, dem Büro an deem ech de gréissten Deel vu mengem Aarbechtsliewe verbruecht hunn an deen ech vrun engem Mount och fir ëmmer verlooss hunn. Vrun e puer Deeg war ech nach eemol kucken a spieren, wéi et war.

An souguer nach ëmmer ass, well ee vun eisen Aarbechtskollegen trëppelt och haut nach ëmmer iwwer a säi Studio. Ganz eleng! Iergendwann ass och säi Material all geplënnert.
An da gëtt et do och spooky an et bleiwe just nach d'Biller aus dem Dram.

04/05/2017 Apropos "Vergaangen awer net vergiess, vergiess a



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.