Apropos vum Gibbes BertoloMeng Clientskaart

Wéini waart Dir da fir d'lescht shoppen? Dir hat jo hoffentlech Äre Portemonni net vergiess? An déi 3. Fro, déi elo kënnt?

09/05/2017 Apropos: Meng Clientskaart


D'Äntwert ass "jo". Eng hunn ech. An och ëmmer am Portmonni mat dobäi. Meeschtens huelen ech se un der Kees och automatesch eraus. A wann ech et mol sollt vergiessen, keen Thema. Ech gi ganz séier dono gefrot: Hutt Dir Är Clientskaart?
Et ass alt schonn mol virkomm, datt ech se effektiv net agestach hat. An mech da bei där frëndlecher Caissière quasi entschëllegt a bal geschummt hunn. Wéi konnt mir treiem Client dat nëmme passéieren ...
Bon, wéi gesot: eng esou eng Kaart hunn ech effektiv. An ech muss soen, datt se mer an der Vergaangenheet och schonn mol e puer interessant Kaf-Optiounen erméiglecht huet. E präisreduzéierten Tase-Set oder e Bong fir dëst an dat. Saachen, déi een elo net onbedéngt brauch, mä ... firwat net vun der gudder Geleeënheet profitéieren? Als Kand hunn ech jo och e puer Joer laang Timbere gesammelt.
Datt ech an anere Butteker, an deenen ech net als treie Client vermierkt sinn, och no enger Kaart gefrot ginn, resp. d'Propose gemaach kréien, vläicht mol eng ze huelen, stéiert mech weider net. Déi Dammen an Hären an der Kees maachen hiren Job. Si nervt et bestëmmt och, tëscht dem "Moien" an "Äddi" de Leit ëmmer nees déi ominéis Fro ze stellen. Mä d'Uso kënnt jo vu ganz uewen: Clienten lackelen, fänken a bei der Staang halen. Daily Business, quoi. An datt een hautdesdaags op Schratt an Tratt seng perséinlech Donnéeë zum Beschte soll ginn ass jo an eiser sozial-vernetzter Welt quasi Normalitéit. Wann een dat da wëll.
Dacks ass et mer awer scho virkomm (an Iech bestëmmt och), datt trotz engem kloren "Neen" weider nogehaakt a -gebuert gouf.
Ob een dann elo wierklech net un esou enger Kaart interesséiert ass. A firwat dann net, an datt ee jo nëmme Virdeeler domadder huet.
Fir net ze soen: besser Kaarten.
An deene Momenter spillen ech mam Gedanken, mer effektiv esou een T-Shirt drécken ze loossen, mat der Opschrëft: "Neen, ech hunn a wëll keng ... Dir wësst scho wat." Déi kann een ewell iwwer Internet bestellen. Mat der Kreditkaart.