Apropos vum Michelle ReiterDe leschten Dreck

Mir sinn nach wäit ewech vum leschten Dreck. Wéi dat ze verstoen ass, dat erkläert d'Michelle Reiter am Apropos vun Haut.

© RTL
Audio vum Apropos: De leschten Dreck
Cola, Jus, Waasser, Kaffisbecher, Jughurtsdëppchen, Zeitung, Béierfläsch, Sonnecrème, Schong, Strëmp e Stéck Holz, Pabeiersnuesschnappecher, Drecksbackstut, eng Kan...
dat ass net meng Akaafslëscht déi ech Iech virliesen, mee all dat wat ech de Moien nieft der Autobunn gesinn hunn trëlle wou ech op d'Aarbecht komm sinn.
Do dobäi och nach CD'en, souguer en CD-Player, e Parechoc, Spigel, an wat soss fir e Schrott.
Iwwer 300 Kilo Knascht pro Kilometer Autobunn, dat ass normal hei zu Lëtzebuerg.
Eppes ëm déi 90 Kilo, dat ass de Quantum dee laascht d'Landstrooss all Joer muss opgeraf ginn. Net vun deene Knaschtpittien déi d'Fënster net nëmmen opmaache fir ze lëften, mä fir ze raumen.
Eng gutt Millioun Euro kascht et fir deen Dreck ewech ze raumen. Dat sinn definitiv dem Staat seng Suen zur Fënster eraus gehäit.
E Schëld à la USA, wou grouss drop vermierkt ass, dass 'littering' bestrooft gëtt kéint vläit hëllefen. D'Amerikaner kënne mat bis zu 2500Dollar Strof rechnen oder, wie sech méi dacks erwësche léisst ka souguer mat bis zu 180 Deeg Prisong rechnen.
Awer da wiere mer erëm beim Thema.
Firwat muss alles ëmmer bestrooft ginn? Firwat muss et fir alles e Protekoll ginn? Dat fanne mer jo och net esou gutt.
Mä, do gëtt et dach awer nach eppes, wéi heescht dat?
Eppes wat een net laascht d'Strooss fënnt.
Ah jo, gesonde Mënscheverstand, deen engem seet, dass een den Dreck net einfach esou ewech gehäit, do wou ee grad ass.
A Manéieren. Mat engem gewësse Mooss u Manéieren dierft et engem schwéier fale fir nonchalant den Dreck an d'Natur ze geheien.
Et muss een de Begrëff 'Wegwerfgesellschaft' net esou wuertwiertlech huelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.