Apropos vum Roland KaltéHu Wäerter nach e Wäert?

... oder si mer amgaange se ofzewäerten? De Roland Kalté stellt sech Froen

 D’Gesamtheet vun de Wäerter ass duerchernee geroden. ’t weess ee geschwë nit méi, wat erlaabt a wat verbueden ass.
 
’t gëtt wuel vill iwwer Wäerter geschwat, mee, wat se richteg sinn, wëssen der vill nit méi. Wéi soll ee Kanner op en autonoomt Liewe preparéieren, ouni Wäerter? Obwuel jidderee Wäerter fir gutt hält. Dass mer se brauchen, dass mer fir se kämpfe mussen.
 
Mee, wat ee méi iwwer Wäerter nodenkt, wat ee méi duerchernee kéint. Et ginn ekologesch, reliéis, ethesch, ästhetesch Wäerter. Verméigenswäerter, Saachwäerter, Schrottwäerter.
 
Wann och ëmmer mer vun eise Wäerter schwätzen, menge mer domat eppes, fir eis an eist Liewen, Positives a Guddes. Un dat mer eis kënnen orientéieren. Well och an der Erzéiung leeft näischt ouni Wäerter. Kanner siche sech hir Wäerter, orientéiere sech dobäi un den Elteren, um Léierpersonal a loosse sech vun deene beaflossen. All Erzéiung ass iergendwéi och Wäerteerzéiung.
 
An esouguer Entreprise wëllen hautdesdaags Wäerter hunn. Oder mengen, se mussen ze hunn.
Op alle Fall sti s’an de Rapporten, Imagebrochüren. D’Wäerter ginn a Rieden vun de Manager beschwuer. An der Economie gëtt dacks méi vu Wäerter wéi vun Zuelen geschwat. Iwwerall gëtt sech Respekt, Responsabilitéit, Fairness, Nohaltegkeet op d’Stir geschriwwen.
Wann een allerdéngs all déi Korruptiounsaffaire gesäit oder déi Entschiedegungszommen a Milliounenhéichten bedenkt, déi doruechter ausbezuelt ginn, da schéngt et mat der Glafwierdegkeet a villen Entreprisen awer nit déck ze sinn. Heescht dat: Alles nëmmen dommt Geschwätz? Passen Economie a Wäerter iwwerhaapt beieneen? Oder gëllt wierklech nëmmen de Profit
 
Besteet eng Entreprise nëmmen aus Produkter a Mënschen (si heesche jo haut „ressources humaines“ – wéi ellen) oder och nach aus enger Kultur vu gemeinsame Wäerter? Ech weess d’Äntwert nit.
 
Awer eent steet fest: Wou sech Wäerter entwéckele sollen, musse scho Wäerter gëllen. Wou keng sinn, gi sech d’Käpp ageschloen.

Apropos: "Hu Wäerter nach e Wäert?"




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.