Apropos vum Marie GalesApropos Prinzessin

Wéi d'Gracia Patricia an de Fürst Rainier sech 1956 bestuet haten, souzen anscheinend 30 Milliounen Mënsche virun der Tëlee an haten dëst eemolegt Event suivéiert! Anert Beispill wéi d'Prinzessin Diana de 6. September 1997 begruewe gouf, hätten ronn 2,5 Milliarden Mënschen d'Trauerfeier vun der Lady Di suivéiert, et gouf souguer e Lidd ëmgeschriwwen. A virun 2 Wochen war d'Prinzessin Kate zu Lëtzebuerg an och nees gouf et en Ausnamezoustand! D'Marie Gales ass verwonnert iwwert dës Prinzessinnen-Faszinatioun.

© RTL
Apropos Prinzessin


Den amerikanesche Mickey-Mouse Produzent Walt Disney hat séier verstanen wéi begeeschtert d'Mënschen iwwert Geschichte vu Prënz a Prinzessin sinn an hat quasi säi ganzt Imperium op déi Märecher opgebaut. Och d'Gebridder Grimm haten nach méi fréi de Mënschen hir Phantasie domadder befligelt. Um Schluss krut déi schéi Prinzessin awer de gudde Prënz. A wa se net gestuerwe sinn, liewen se nach haut...
Bis op d'Schnéiwittche ware dem Disney seng Prinzessinnen fréiers och all blond, gescheit, léif, gutt erzunn, fläisseg, konnte sangen an danzen an alles ...eben wat eng Prinzessin sou kann! Dass och Prinzessinnen mat bronge laangen Hoer dat kënnen, beweist elo d'Prinzessin Kate aus England am allerbeschten.

Ech soen et léiwer direkt, net dass Dir mengt ech hätt e Pic op déi dach schéin a sympathesch Fra! Guer net...!
Mech iwwerrascht just déi Faszinatioun fir e Mënsch, deen ee kaum kennt an dee selwer net mat bloem Blutt gebuer gouf? Dorunner ännert och e bloe Rack näischt. Oder ass et da wéi am Mäerchen, dass déi Fra, déi de Prënz sech erausgesicht huet, dann immens muss sinn an d'Vollek w.e.g. begeeschtert. 
Ech halen näischt vu Starkult, fir mech ass e Mënsch e Mënsch...a fale ganz schwéier an d'Schwächt wann e VIP kënnt.
Wann ech dat soen, kréie ech gesot, ma Marie, an dëse schwéieren Zäiten, deet et dach mol gutt sou liicht romantesch oder wat weess Geschichten ze gesinn. Obwuel all Zäit hat seng schwéier Zäit an dorunner ännere Prinzessinnen och näischt.
Wann ech de Politiker dëst soen, da kommen déi ëmmer nees mat hirer Erklärung vum Representéiere vum Land.
Tjo....ka jo eppes dru sinn, mä dann hunn ech nach ëmmer keng gutt Erklärung op meng Fro: Wat ass et, firwat Mënsche mat engem Fändel wénke ginn wann eng Prinzessin vun iergendwou Moie soe kënnt?
Gentilesse a Schéinheet eleng kann et jo net sinn. Do ginn et X Leit. E grousst Häerz? Huet een dat wierklech, wann ee geschéckt gëtt a Spideeler, Altersheimer oder soss Ariichtungen a sech mat Schoulkanner bei enger Aweiung muss fotograféiere loossen?
 
Dir fannt mech vläit zynesch, ma loosst mech nach eng Fro an de Raum stellen? Wann eng vun de villen Hëllefsorganisatioun op Lëtzebuerg kënnt fr eng Konferenz gëtt fir iwwert hiren onermiddlechen Asaz fir Mënschen an Nout op der Welt zielen ze kommen, pake mir dann och de Fändelchen aus a wénken deene léif zou? Oder gi mir op mannst lauschtere wat se zielen?
Eben!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.