Apropos vum Daniel NepgenSpillen

E Sonndeg war de Weltspilldag. Haut gëtt an deem Kader um Knuedler Spill a Spaass fir Grouss a Kleng gebueden. Den Daniel Nepgen spillt och gär. An zwar well ee beim Spille vill iwwert sech selwer an déi aner gewuer gëtt.

30/05/2017 Apropos: Spillen


"Mensch ärgere dich nicht". Interessanten Numm fir e Spill, bei deem een de Géigner zur Verzweiwlung bréngt wann een e Spilldapp kuerz ier en e ganzen Tour gemaach huet fänkt an erëm aspäert. Choleriker ginn hei mat hirem dominante Charakterzuch konfrontéiert a gesinn dacks an, wéi onsënneg et ass sech opzereegen iwwert eppes, op dat ee keen Afloss huet. An déi, déi normalerweis zen sinn, ginn e Stéck aus der Reserve gelackelt. Mir beweegen eis onbewosst openeen zou. Beim Spille gi Brécke gebaut. Mir verstinn ob eemol ganz gutt, wat de Mënsch vis-à-vis vun eis spiert an denkt.

Dee Prinzip gëllt net nëmme fir Spiller mat vergläichsweis einfache Reegelen. Beim Schach muss ee probéieren dem Géigner säi Plang ze verstoen. Wien an de Kapp vum Géigeniwwer eragesäit, huet di besser Kaarten. Mä et ass och hei kee rengen taktesche Calcul. Och beim Spill vun de Kinneken ass et nieft der Kappsaach zum Deel eng Gefillssaach. Ech hunn ëmmer probéiert, de Géigner ze spieren. Seng Signaler opzefänken, e Geste oder e Bléck. Dat kléngt vläicht no Hokuspokus, mä wann den emotionelle Lien hiergestallt war, hunn ech méi fräi gespillt an och dacks erstaunlech Zich aus dem Aarm gerëselt. Dofir mécht Schach spillen um Internet och nëmmen hallef esouvill Spaass. Spillen ass organesch ... Spillen ass mënschlech.

Spillen ass och ëmmer Aktioun a Reaktioun. Dat, wat deen anere mécht, beaflosst dat, wat ech maachen ... sief et elo dat, wat um Briet geschitt oder dat, wat mir ausstralen. Wien spillt, setzt sech automatesch mam anere Mënsch auserneen. Wa mir spillen, si mir sozial. A virausgesat, et gëtt net gefuddelt, geet och alles fair a gereegelt iwwer d'Bühn. Wann ee gesäit, dass et am Moment nees ze vill Tendenzen a Stréimunge gëtt, déi versichen d'Mënschen auserneen ze dividéieren, da stellt ee fest: et muss méi gespillt ginn. Jidderee ka matenee spillen. An et ass de beschte Beweis dofir, dass och jidderee ka mateneen eens ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.