Apropos vum Christiane Kremer"The Handshaker"

Heiansdo weess déi lénks net, wat déi riets wëll. Heiansdo wäscht eng déi aner, heiansdo schloe mer se iwwer dem Kapp zesummen, heiansdo hu mer zwou lénkser an heiansdo si mer engem seng riets. Ech kann nach sécher weiderfueren sou Begrëffer ze sichen an Dir wësst bestëmmt vu wat mer schwätzen. Wann net, d'Christiane Kremer hëlt Iech am Apropos vun haut mat der Hand.

Ech schwätze vun engem Phänomän, engem Brauch, enger Symbolik, déi an der Konscht esouguer e Begrëff huet: Dexiosis. Dat kënnt aus dem Griicheschen a beschreift zwou Persounen, déi sech déi riets Hand ginn an esou op antike Steng oder Vasen festgehale goufen. Dat kann tëscht Mënsch a Gott geschéien oder tëscht zwee Herrscher oder tëscht enger Koppel.
D'Hand ass jo e kriddelechen a sensibele Member vun eisem Kierper, filigran gebaut, technesch perfekt ausgerüst, liicht, flexibel, si kann heemelen a schloen, si ka Wonnerwierker erschafen an zerstéieren. Si ka rau sinn oder douce, si ka sech verstoppen oder sech mat schéinste Bijoue rëschten. Réng biologesch a physesch a praktesch gekuckt, ass d'Hand och dee wichtegste Member vun eisem Kierper. Pardon an der Mehrzahl natierlech d'Hänn. Obwuel ech a mengem Familjenëmfeld erlieft hunn, wéi gutt een och mat enger Hand eleng säi Liewe meeschtere kann.
Dacks wësse mer net wouhinner mat den Hänn, besonnesch wa mer an der Ëffentlechkeet sinn an néierens eng Upak fannen, a grad esou dacks gebrauche mer se fir eppes auszedrécken. Da schwätze mer mat den Hänn, gestikuléieren also, oder setzen d'Zeechen.
An dann ass et un deenen aneren ze deiten, wat dat dann elo heesche soll.
An dat kann nawell ganz schéi wäit goen, besonnesch, wann een net iergendeen ass, mä quasi permanent ënner Observatioun steet.  Do gëtt et keng Bewegung ouni datt d'Welt mat schwätzt. Sou demonstréiert ee mat den Hänn mol vrun allem: elo kommen ech, op d'Säit. Ech weisen Iech mam Fanger wour et higeet a wat ze maachen ass. An ech soen Iech wour der mat der Hand pake soll, wann der mat Fraen ze dinn hutt. Gell, Pussy?
Jee, et läit jo op der Hand vu wiem hei Rieds ass. Een, deen iwwerzeegt ass, alles a jiddereen an der Hand ze hunn. Sou refuséiert hien enger Politikerin den Handschlag vun där en och nach seet, si an hiert Land wiere ganz béis! Engem anere rëselt en se sou laang, datt dee frou ass, wann e seng Hand endlech erëm kritt. Vläicht fillt hie sech jo scho wéi en argentineschen Ex-Fussball-Star, dee sech als Hand Gottes gesinn hat.
Dat kann awer och gär emol e Selbstgol ginn.
Eisem Handshaker ass dat lescht Woch dach tatsächlech passéiert. Hien huet misse feststellen, datt net jiddereen him aus der Hand frësst. Net d'Madame aus dem wäissen Haus, déi se einfach ewech stéisst. Net de Mann aus dem Vatikan, deen se net hëlt. An net de Mann aus dem Elysée, deen se energesch a laang festhält nom Prinzip, wien dominéiert hei wien?
A vrun allem dat Bild geeschtert elo duerch d'Medien. Also eng Aart modern Dexiosis.

Apropos: "The Handshaker"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.