Apropos vum Gibbes Bertoloslow down

All Mënsch ass am Stress, keen huet méi Zäit, et muss séier goen. Grad dann ass de Moment komm fir op d'Brems ze trëppelen. Slow Down – en Apropos vum Gibbes Bertolo

Dat, wat ech Iech elo hei zielen, ass näischt Neits. An ech hunn och gutt schwätzen, well an dësem Moment, wou der dësen Apropos lauschtert, sinn ech grad am Gaang dat ze maachen, iwwert dat ech hei philosophéieren. Obwuel: e grousse Philosoph muss een net sinn. De gesonde Mënscheverstand geet déck duer.

Schalt dach einfach mol of. Wéi? Keng Zäit? Net elo? Dann awer bei där nächster Geleeënheet. Versprach. An där nächster Vakanz. Domadder wësst der dann och, wou ech elo grad sinn. D'Vakanzenzäit ass jo déi perfekt Viraussetzung fir der Auer mol nees eng Kéier de béise Fanger ze weisen. Dot se einfach aus, wann der dann nach eng um Aarm drot. Oder loosst de Smartphone iergendwou, wou der net drop kucke kënnt. Ass net evident, ass gewinnungsbedierfteg. A lauschtert einfach mol op déi bannenzegt Auer. Déi Auer, géint déi mer permanent kämpfen, déi mer einfach net an den Alldag wëllen eraloossen. Léiwer leide mer ënner Zäitdrock, dee mer anengems och selwer produzéieren, resp. reproduzéieren.

En Däiwelskrees, an deen ee séier erageréit an aus deem een net méi sou einfach erauskënnt. Dat hunn Däiwelskreeser nun mol sou u sech. Mä wa mer mol ganz éierlech mat eis selwer sinn: kënnt et wierklech op déi puer Minutten oder och mol Stonnen un? Musse mer op der Autobunn ëmmer op der lénkser Pist fueren, an der Meenung, datt mer op déi Manéier wäertvoll Zäit gewannen? Oder nach séier duerch rout flitzen?

Jo, et muss viru goen. Keng Diskussioun. Wa mer permanent op der Plaz trëppelen, passéiert net vill. Et läit jo an eiser Natur, datt mer ëmmer méi wëllen. Mä fir beim Bild vum Auto ze bleiwen: och dee schéinsten a séierste Won huet direkt nieft dem Gaspedal jo och eng Brems. Dat ass bestëmmt net vu Muttwëll.

Wann ee sech Zäit hëlt, kann ee jo keng verléieren. Et geet iwwerhaapt net drëms, alles am Schleekentempo ze maachen. Et ass d'Balance déi zielt. A fir déi ze fannen, musse mer eis mol nees trauen, eis selwer an all déi aner méi opmierksam a bewosst z'erliewen. An dat geet nëmmen, wann een et wëll. Allez, bis an enger Woch. Dann ass nees alles wéi et war. Bis bei deen nächste "slow down" ...

Apropos