Apropos vum Roland KaltéAll Dag Theater

... oder et kann ee méi, wéi ee mengt!

All Mueren opstoen, sech opriichten, en neien Dag geet lass. E neit Stéck Liewe geet déi nächst Stonnen iwwert d’Bühn. E bëssi esou wéi am Theater.
 
„A wann s de den Androck hues, dass d’Liewen en Theater ass, da sich der eng Roll eraus, déi zu der passt“, sot emol eemol de Shakespeare.
 
An eigentlech hues de jo all Fähegkeeten an Talenter, fir deng Roll gutt ze spillen.
Du bass däi beschte Regisseur, den Denker vu denge Gedanken, den Oppasser vun dengem Liewen, de Renkeler vun dengem Geschéck. Du bass däin eegene Requisiteur, dee sech Saache keeft, déi s de fir deng Roll brauchs.
Du bass de Schreiwer vu denger Roll, vum Dréibuch vun dengem Liewen. Bestëmms deng Sprooch duerch d’Qualitéit vun denge Gedanken.
Du spills natierlech d’Haaptroll, du bass de Star. Spill se gutt, déi Roll ass eemoleg a nit ze widderhuelen. Première ouni Prouf souzesoen.
 
An – du bass däin eegent Publikum, kanns der de beschten Applaus ginn, wa soss keen et mécht.
 
An den Owend, wann s de den Dag, däi Stéck vun haut, gutt iwwert d’Bühn kritt hues, kanns de der op d’Schëller klappen a soen: „Ech war gutt!“ A keen Zweiwel opkomme loossen, dass ee riskéiert, sech anzerieden, et kéint een eppes nit.
 
’t kann ee méi, wéi ee mengt. Denkt un d’Bommelen. No den aerodynamesche Gesetzer kann eng Bommel guer nit fléien. Gréisst, Gewiicht, Spaanwäit vun hire Flilleken maachen dat Fléien eigentlech onméiglech. Mee, well si vun deeër wëssenschaftlecher Tatsaach näischt weess, flitt s’awer. A sammelt och nach Hunneg.
 
Also – wat heescht hei: Dat kann ech nit?

Apropos: All Dag Theater




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.