Apropos vum Roland KaltéNäischt méi wéi soss

Am Apropos vun haut sicht de Roland Kalté an der Vergangenheet nom Haut a fënnt näischt erëm.

Wann ech Bicher liesen, molen ech dran, sträiche mer un, wat mer gefält, schreiwe Commentairen dran, wa mer eppes nit gefält.
 
A wann ech dann emol a längst geliesene Bicher bliederen, an an deenen ech jo da meng ugestrache Sätz, meng Commentairen, Gedanke vun deemools erëmfannen, da froen ech mech dacks: „An op wéi enger Schinn bass du dann deemools gefuer? Hues du dat do gutt fonnt? Jëses Maria! Waars du dat do iwwerhaapt?
 
War vru kuerzem op engem Konveniat. Hat mech och drop gefreet. Awer dunn, wéi déi gutt al Zäit an der Erënnerung bis verschafft war, an dat goung méi séier wéi ee mengt, war näischt méi. D’Stëmmung verflaacht. Keng aktuell Gemeinsamkeete méi. Eigentlech souze friem Leit do ronderëm mech. Wat hunn déi sech all verännert. Oder hunn ech mech esou verännert? Ni wéi dunn hunn ech mer esou Gedanken driwwer gemeet. Sinn ech deen nach haut, deen ech deemools war? Eigentlech ginn ech jo dervun aus, dass ech haut nach déi selwecht Persoun sinn, wéi viru 5, 10 oder 20 Joer.
 
Mir veränneren eis Identitéit obwuel mer dovun ausginn, dass mer esou si wéi ëmmer. Am Fong geholl wësse mer guer nit, wéi a wat eist „Ech“ ass, mee, mer maachen awer wéi wann. Wa mer en „ale Kolleg“ no laanger Zäit erëmgesinn, huele mer méi wéi selbstverständlech un, dass hien dee Selwechten ass wéi deemools. Och wann e sech vum Ausgesi verännert huet, e gouf ebe méi al. Mee och hien ass nit méi dee vu soss. A mar an iwwermar ass e schonn erëm en aneren, wéi mer alleguer och.
 
’t ass schonn iergendwéi verréckt, dass een den Androck huet, dass sech Dag fir Dag näischt verännert. Mee, wann een zeréckkuckt, ass alles anescht. Gottseidank iwwregens. Näischt widderhëlt sech op exakt déi selwecht Aart a Weis. Verännerung ass de Prinzip vun der Existenz.
 
„D’Liewe gehéiert dem Liewegen a wee lieft, muss op Wiessel gefaasst sinn“. Ass kee neie Sproch, ... ass scho vum Goethe.

Apropos: Näischt méi wéi soss




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.