Apropos vum Roland KaltéGléck

Gléck ass Alldag, seet de Roland Kalté a sengem Apropos vun haut.

Wann een emol eemol vum Liewe gerëselt gouf, wann d’Gesondheet engem de béise Fanger gewisen huet, wa se der gewisen huet, dass d’eigentlech just en aarme Fuerz bass, just nëmme well iergend e Stéck do bannen an der nit dat gemeet huet, wat et soll, wann s d’emol kuerz bis an d’Knéie goungs, flaach louchs, da ginn der Gedanken duerch de Kapp, vun deenen s de bis du keng Ahnung has, gesäis op eemol esou muenches anescht.
 
An du hëls der vir, dass de, wann s de nach eemol richteg op d’Bee kéins, Verschiddenes anescht méchs. Dech nit mat verschiddenen Topegkeeten ofgëss, dat maachenn, wat s de wierklech wëlls, deng Liewensweis änners, alles méi bewosst genéiss, Wichteges vun Onwichtegem ënnerscheets. Méi zefridde gëss. Och déi kleng Saache vum Liewe gesäis. Méi glécklech gëss. Méi glécklech.
 
„Wat ass eigentlech Gléck?“, hunn ech mech dacks gefrot. Wann s de krank bass, weess d’et op eemol. Gléck ass eigentlech keng Péng ze hunn. Gléck ass eigentlech – Alldag!
 
Mer fannen et normal, dass mer schlofe kënnen ouni schro Dreem, erwäche mat ganze Schanken, mat Organer, déi richteg a gutt fonctionnéieren. Mir fannen et normal d’Sonn ze gesinn, Musek ze lauschteren, Auto ze fueren, Frënn ze hunn, harmonesch mateneen ze liewen, säi Liewe selwer an der Hand ze hunn, aktiv a kreativ ze sinn, op fir Neies ze sinn, regelméisseg z'entspanen, keen Honger a keen Duuscht ze hunn. Wann een d’Liewen emol aus deem Bléckwénkel kuckt, wann een all dat, dat, wat mer „dat Normaalt“ nennen, huet, da misst een dach soen:

„Ech hu Gléck! A misst eigentlech glécklech sinn!“

Apropos: Gléck





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.