Apropos vum Gérard FloenerAttentater

Wéi vill aner Lëtzebuerger wor de Gérard Floener déi lescht Woch an der Vakanz. An direkt um Ufank vun där Vakanz ass eppes geschitt, wat him de Rescht vu sengem Congé zum Deel verduerwen huet...

13/06/2017 Apropos: Attentater



Sonndes Moies, beim Kaffisdësch, lauschteren ech mat engem Ouer de Radio deen am Restaurant am Hannergrond leeft. "Déformation professionelle" nennt dat sech, ech kann einfach net anescht ewéi en Deel vu menger Opmierksamkeet ëmmer op de Radio am Hannergrond ze steieren, well ech do jo villäicht eppes matkréie kéint, wat fir meng Aarbecht wichteg ass. Mä déi Kéier hätt ech villäicht besser gehat, déi Gewunnecht mol eng Kéier aus ze knipsen.

Well an den Neiegkeeten wor natierlech dat brutaalt Attentat zu London den Opmaacher. Alt nees eng Kéier hunn e puer feig Idioten mat hirer hirësseger Dot onschëlleg Mënsche brutal aus dem Liewe gerappt. Eng Nouvelle déi u sech scho schlecht genuch ass, an engem d'Laun verdierwe kann. Nach vill méi nervt mech, wéi d'Autoritéiten an d'Politiker no esou Attentater no ëmmer neien Erklärunge sichen, firwat dat nees eng Kéier geschéie konnt, a wat een an Zukunft maache misst, datt dat  net méi virkënnt. Ganz séier gëtt dann nees vun alle Säite gefuerdert, datt nach méi muss iwwerwaacht ginn, virun allem dee béisen Internet, an deem Gesetzer jo net gräifen. Wat engersäits Blödsinn ass, well um Internet déi selwecht Gesetzer gëllen ewéi am richtege Liewen, an nom Attentat relativ séier erauskënnt, datt d'Attentäter den Autoritéite scho bekannt woren, an awer net konnt evitéiert ginn, datt si hir Dot duerchzéien.

Mä firwat gi mir dann och nach hin a musse gewuer ginn wéi d'Nimm vun deenen Toperte sinn, déi sech am Numm vun iergend enger abstruser Iddi iwwerzeege loossen, sech selwer ze afferen an dobäi esou vill Mënschen ewéi méiglech probéieren mat an den Doud ze rappen? Ee Punkt, mat deem d'Attentäter motivéiert ginn fir hir grujelech Dot ass  jo, datt et eng Éier fir si an hir Famill ass, wa si fir hir Iddi stierwen. Mä wann dann elo kee gewuer gëtt, wien si eigentlech woren? Wann si am Anonymat stierwen? Dann ass och d'Éier fir d'Kaz.

Villäicht wier et esou lues un der Zäit, den Affer vun den Attentater dee selwechte Respekt ze weisen ewéi den Affer vun de Kricher. Iwwerall am Land ginn et Monumenter déi un d'Affer vum éischten oder zweete Weltkrich erënneren, op ville stinn esouguer explizit d'Nimm vun deenen Affer drop. Amplaz also d'Attentäter mam Numm ze nennen an hinnen doduerch eng Popularitéit ginn, déi si guer net verdéngen, sollte villäicht éischter d'Nimm vun den Affer genannt ginn. Well doduerch an d'Fënster gestallt gëtt, wat wierklech bei esou enger Dot wichteg ass: Deen onnëtzen an iwwerflëssegen Doud vun onschëllege Mënschen, déi näischt anescht gemaach hunn, ewéi dee falschen Ament op där falscher Plaz ze sinn.

Ech si mir bewosst, datt et fir d'Famillen a fir Frënn vun den Affer den Ëmgang mat deem onnëtzen Doud vun engem, deen hinnen no stoung, nach méi schwéier mécht, wa si no der Dot iwwert d'Medien ëmmer nees mat deenen hiren Nimm konfrontéiert ginn. Anerersäits ass et awer ewéi mat den Doudesannoncen: Et ass och eng Méiglechkeet wéi sech eng Gemeinschaft hannert d'Famill stelle kann, a si an hirer Trauer ënnerstëtze kann, weise kann, fir wéi eng Wäerter si steet, an net prett ass, engem Terror no ze ginn, andeems d'Attentäter méi wichteg gemaach ginn, ewéi hir Affer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.