Apropos vum Marie GalesChoix

Vun der nächster Rentrée un, wäert de Wäerteunterrecht am Fondamental enseignéiert ginn an de Reliounsunterricht ass Geschicht. Dat huet dës Regierung elo duerch gesat an dat gefält net jidderengem. D'Marie Gales huet villes nogelauschtert an huet dacks d'Wiertche ''Choix'' an deem Kontext héieren..

© RTL
15/06/2017 Apropos Choix


Wat mech dach iwwerrascht huet, well a mengem Reliounsunterrecht an der Primärschoul oder an der Kierch an déi ech gaange sinn, ni eppes vu Choix gesot gouf. Ongewollt vläit, ech wëll kengem e Reproche maachen. Gutt ech konnt elo wielen wéi ech am Lycée war, wat ech wollt nolauschteren an do muss ech soen, do sinn ech dach léiwer an de Reliounsunterrecht gaangen. Dat hat awer éischter mat deene Leit ze dinn, déi de Cours gehalen hunn. Interessant war et, dat muss ech zouginn an et konnt ee flott mat deene Paschtoueren an Theologen diskutéieren. Mä ech war net an deene Coursen well ech déif gleeweg war oder well ech gedeeft gouf.
Apropos Daf, do huet elo kee mäi Choix interesséiert. Wéi och?! Ech war e Bëbee a war mat schlofen oder iesse beschäftegt. Grad sou gutt hätte mech meng Elteren an e Yacht-Club kënnen umellen; dat interesséiert mech och net. Ech sinn 1972 gebuer an do gouf een einfach gedeeft, do maachen ech mengen Eltere kee Virworf. Dat war einfach sou zu Lëtzebuerg, do huet een alt gemaach wéi déi aner.
Mä logesch schéngt dat net, säi Kand iergendwou unzemellen ouni ze froen ob dat Kand dann interesséiert ass dorunner. Ech fanne kee Mënsch soll eng Relioun vun engem anere Mënsch opgezwonge kréien, just well iergendee fonnt huet, dat misst sou sinn an dat war nach ëmmer sou, also muss dat elo nach ëmmer sou sinn.

Wéi ech de Wäerteunterrecht verstinn, gi jo do mol Wäerter vermëttelt, déi wichteg sinn fir anstänneg als Mënsch, deen anere Mënsche hir Rechter och uecht, duerch d'Liewe ze kommen. An da soll een an deene Coursen och en Iwwerbléck vun alle Reliounen op dëser Welt kréien. Kléngt interessant a sou kinnt een dann, wa een da mäi Verstand huet, wéi wann een elo Bëbee ass, säi Choix maachen wéi eng Relioun elo engem méi plausibel erschéngt oder dass een ouni Relioun bleift.
Relioun soll net selbstverständlech sinn, et soll een sech informéieren doriwwer.
Allerdéngs ass mir och opgefall, dass Gleeweger sech dacks ugegraff fillen, wann ee mat hinnen iwwert hir Relioun schwätze wëll. Wann een dann net méi weiderkomm ass am Gespréich, wéinst ze vill kritesche Froen, da koum schlussendlech d'Erklärung, Glawen wier eng Privatsaach!
Ma genee dat ass! Dofir: Déi eng solle gleewen u wat se wëllen, mä déi aner sollen och sou wéineg gleewen dierfen wéi si wëllen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.