Apropos vum Michelle ReiterDéi zwou Minutten, déi méi produktiv maachen

Alles wat een a manner wéi zwou Minutte ka maachen, dat soll een direkt erleedegen. D'Michelle Reiter erënnert nach eng Kéier un déi Regel, déi engem d'Liewe soll méi liicht maachen.

© RTL
20/02/2017 Apropos : déi zwou Minutten déi méi produktiv maa


Firwat méi liicht maachen?
Ganz einfach, fir net onnéidegen To-Do-Ballast mat sech ronderëm ze schleefen. Fir Tiräng am Kapp net esou voll trëllen ze hunn an esou méi effizient kënnen ze schaffen, mat engem Gehir, wat méi fräi ass.
Déi Zwou-Minutte-Regel, dat ass en Deel vum David Allen senger Method 'Getting Things Done'. Eng Hëllef fir den eegenen Alldag besser ze managen. 
Alles wat een a manner wéi zwou Minutte kann erleedegen, dat soll een direkt maachen.
Wat fält dann alles dorënner? Vläit déi Saachen, déi Dir a Gedanken dann och ewech stousst, déi der trotzdeem awer am Hannerkapp nach sëtzen huet.
Wéi, an dat dierft deem engen oder aneren eventuell bekannt virkommen : op e Mail äntweren, sech fir e Patt umellen, d'Rechnung vun den Autossteieren iwwerweisen, d'Spullmaschinn ausraumen, e Rendezvous beim Coiffer huelen.
All déi Saachen déi een zwar net esou gär mécht. Déi awer och net méi Spaass maache wann ee se méi spéit eréischt erleedegt.
Dofir. Vu lo direkt u vläit déi Zwou-Minutte-Regel applizéieren.
Spuert am Endeffekt Zäit a Kraaft an Nerven.
Déi eng ënnert Iech kennen d'Method vläit, déi aner net.
Fir déi eng war et dann e Rappel, fir déi aner villäicht eng Iddi.
Ob allefall war dat hei elo séier erzielt. A manner wéi zwou Minutten. An dofir wollt ech dat och direkt maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.