Apropos vum Christiane KremerHu mer wierklech all e Knall?

Lescht Woch hu mer de Nationalfeierdag mat vill Begeeschterung gefeiert, mat Zeremonien, Freedefeier, Musek an Danz bis an d'Nuecht eran. Dat gehéiert sech esou an do weess och jiddereen, wat e muss maachen, wann e wëllt laanscht dës Evenementer mat vill Geräischkuliss kommen. Mä heiansdo knallt et engem och esou an d'Liewen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Ech sinn am Fong e Mënsch, dee geselleg ass, dee gär mat feiert an och tolerant ass, wann anerer feieren, och wann et dann emol e bëssi méi haart hier geet. Dës sozial Komponent hunn ech wuel scho fréi mat op de Wee kritt, ëmmerhi sinn ech an engem Betrib opgewuess, souguer engem duebelen, mat Café-Epicerie.
Mä ech wollt elo net nostalgesch ginn, mä einfach just eng kleng Explikatioun virausschécke fir dat, wat mech haut, oder fir konkret ze sinn, gëschter Owend beschäftegt huet, oder besser gesot, wat mech gëschter Owend wéi de Blëtz getraff huet. Ech souz gemittlech doheem op der Couche an hunn eppes um Computer geschafft, et war schonn no Mëtternuecht, wéi et op eemol ganz haart geknuppt huet. Richteg haart an et war net vun der Tëlee, déi nach am Hannergrond gelaf ass.
Meng alleréischt Reaktioun am Kapp war "Wéi en Dabo schéisst elo Knupperten an d'Luucht?", mä dee Saz war nach net ausgeduecht, du koum en anere Gedanken. E Moment vun Angscht a Panik a vun der Fro "Et wäert jo net ...", ech sinn esou séier opgespronge vun der Couche an hunn zur Fënster ausgekuckt an hunn dunn - Gott sei Dank - dach dat gesinn, wat ech als éischt ugeholl hat. Do huet jo wierklech en Dabo oder méi, 100 Meter ewech, e Freedefeier an den Himmel geschoss. An alle Faarwen si wäiss, rout a gréng Fonke vun uewen erofgereent. E Freedefeier eben, eent dat sécher säi Grond zur Freed hat, mä dat awer all deene ronderëm, déi wuel schonn den Dag ofgeschloss haten, d'Häerz méi séier schloe gedoen huet. Sou kann ech mer dat emol virstellen.
No dem éischte Moment vun ënnerlecher Opreegung hunn ech mech nees op d'Couche gesat an de faarwege Sprënselen um Oweshimmel nogekuckt. No knapp dräi Minutte war alles un an aus an d'Nuecht nees däischter a roueg. A meng éischt Roserei verflunn.
Déi huet dunn anere Gedanke Plaz gemaach. Dovunner ofgesinn, datt et sécher net manéierlech ass, onugekënnegt matten an der Nuecht esou e Kaméidi ze maachen, sinn ech awer zur Konklusioun komm, datt mech bei menger Reaktioun eppes aneres méi bedréckt. Et ass genau dat passéiert, wat mer eis jo an dësen onsécheren Zäiten net wëllen huele loossen: d'Freed um Liewen an um Zesummeliewen an um Zesummefeieren. An net mussen direkt Angschtgefiller hunn, wann et knuppt.
An déi, déi dat bei eis ausléisen, sinn déi "richteg Daboen", déi mech gëschter rose gemaach a geiergert hunn.

Apropos: Hu mer wierklech all e Knall?



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.