Apropos vum Sandra MélanSchéinheetswahn

Et ass sécherlech een Thema, iwwer dat schonn oft geschwat ginn ass: Schéinheetsoperatiounen. Awer duerch eng ganz rezent Operatioun vun enger bekannter Persoun bei eisen däitschen Noperen, huet d‘Sandra Mélan sech e puer Froe gestallt.

Virun enger Woch si Fotoen vum Sophia Wollersheim opgetaucht, déi mech iergendwéi erféiert hunn. Hei geet et net ëm de Personnage selwer, dee kloer net zu den A-Promie gehéiert. Mee hei steet d’Operatioun am Mëttelpunkt, déi si maache gelooss huet. Si huet sech Rëppen ewech maache gelooss.

Mat dëser extrem onnatierlecher Taille, versicht si esou dënn auszegesinn wei eng mënschlech Popp. Ech hunn déi Ausso nach eng Kéier misse liesen. Also den Ausdrock mënschlech Popp passt jo scho guer net zesummen. Entweder ass een e Mënsch oder eng Popp. D’Sophia Wollersheim leeft enger Illusioun no. An alles just, fir am Gespréich ze sinn.

Sécherlech ass si net déi eenzeg Fra, déi esou eng drastesch Operatioun maache gelooss huet. Ech hu scho Fotoen vun anere Frae gesinn, déi esou ronderëm lafen. Oder Männer déi esou wei de Ken wëllen aus, an deenen no x Operatiounen d‘Nues riskéiert erofzefalen.

Ech verstinn wann e sech wéinst gesondheetlechen oder psychesche Problemer ënnert d‘Messer leet. Deen Ament fält dat jo och net méi ënner Schéinheetsoperatioun, wann een eng kromm Nues corrigéiere léisst oder wann eng Fra hier Broscht no enger Amputatioun erëm opbaue léisst.

Awer Rëppen eraushuele loossen? D’Rëppen hun donieft och nach eng Schutzfunktioun fir verschidden Organer an d’Risiken bei sou enger Operatioun sinn och net ze ënnerschätzen.

Do froen ech mech, wat iwwerhaapt nach duerno ka kommen. “D’Ouerläppecher ewechschneide oder d’Oueren carrement un de Kapp ubitzen fir méi aerodynamesch ze sinn?” “Wierbelen eraushuele fir méi riicht do ze stoen?” Gëtt et an deem Schéinheetswahn iwwerhaapt do nach eng Grenz? Ass dat net iergendwéi nieft dem Kapp?    

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.