Apropos vum Bea KneipMuss Strof sinn?

Muss Strof sinn? Déi Fro stellt sech d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: "Muss Strof sinn?"
.

Als Kand hunn ech, wéi vill anerer och, d’5 Freunde Bicher vum Enid Blyton gelies. Wat war déi Welt esou einfach gestréckt: d’Kanner sinn deene Béisen ëmmer op d’Spur komm, an déi, wann se bis erwëscht waren, goufe fir hir Dote bestrooft. An natierlech goufen se ëmmer erwëscht, keng Fro! Grad esou wéi an de meeschte Krimien. Mä déi hale jo och normalerweis do op, wou de Verbriecher d’Handschellen ukritt, an ofgefouert gëtt. An da geet ee jo eigentlech dovun aus, dass een den eppes ganz Schlëmmes verbrach huet, fir laang Zäit an de Prisong sëtze geet, an een den sech just eng Klengegkeet zescholde komme gelooss huet, och just eng kleng Strof kritt. Wien also zum Beispill um Doud vu ville Mënsche schold ass, dee misst bestëmmt lieweslänglech kréien? Sou einfach ass et am richtege Liewe leider net. Grad déijéineg déi di grujelegst Verbriechen ze veräntweren hunn, ginn dacks guer net bestrooft. Krichsverbriecher, Terroristen, Diktatoren an hir Gesellen, oder d’Drotzéier vun der organiséierter Kriminalitéit, komme vill ze dacks ongeschuer dovun. Well se ze vill Muecht hunn, well een hinnen Näischt noweise kann, oder einfach well se wësse wéi een sech uleeë muss. Beispiller ginn et der genuch, vum Holocaust bis Syrien; ëmmer nees hu Mënschen sech ugemooss, anerer ze versklaven, ze vergewaltegen oder ëmzebréngen; an se sinn domat duerchkomm. Net ëmmer: d’Nürnberger Prozesser sinn an d’Geschicht agaangen an dat internationaalt Krichsverbriechertribunal zu Den Haag huet sech mat de Konflikter am fréiere Jugoslawien an am Ruanda beschäftegt. Mä d’Donkelziffer vu Krichsverbriecher a Konsorten déi Stroffräiheet genéissen ass ëmmer nach héich.
Wat bréngt et eigentlech, se ze bestrofen? Géifen se sech doduerch änneren? Ganz sécher net, e Mënsch dee kee Gewëssen huet, verwandelt sech net op eemol am Prisong a e klengen Engelchen. Mä dorëm geet et och net. Eng Strof ass ëmmer e Signal: un den dee se kritt: “Stopp, dat do loosse mer eis net gefalen”, Un d’Affer: “Mir huelen Iech eescht, a wëllen dass dir Gerechtegkeet kritt.” An un de Rescht vun der Gesellschaft: “Mir wëllen, dass dir a Fridde liewe kënnt, ouni Angscht.” Strof soll keng bëlleg Revanche sinn, just eng logesch Konsequenz déi di Schëlleg sech selwer zouzeschreiwen hunn. Dowéinst muss Strof och konsequent an a Relatioun zum Verbriechen applizéiert ginn. Keng einfach Aufgab fir déi di iwwer aner Mënsche riichte mussen. Mä eng wichteg, wa mer eis eng fair a liewenswäert Gesellschaft wënschen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.