Apropos vum Gérard FloenerDéi Saach mam Knäppchen (Deel 2)

Viru 4 Méint hat de Gérard Floener sech op dëser Plaz Gedanken iwwert den Drang gemaach, dee jiddwereen huet, fir bei enger rouder Luucht op de Knäppchen ze drécken, och wa virdru schonn zeg aner Leit op dee selwechte Knäppche gedréckt hunn, fir gréng ze kréien. Nodeems hien deem Spill e puer Woche laang nogekuckt huet, gesäit hien dat mëttlerweil och anescht...

11/07/2017 Apropos: Déi Saach mam Knäppchen (Deel 2)



Ech hunn et op eemol verstan, wéi ech mol nees eng Kéier mam Vëlo an der Rei bei der Luucht um Rond-Point Schuman stoung. Och wa vill Leit viru mir stoungen, schéngt deen Dag keen op de Knäppchen gedréckt ze hunn. Well d'Autoen op där Kräizung hunn aus alle Richtunge Gréng an nees Rout kritt, an duerno nees gréng, ouni datt d'Foussgängerluucht dertëscht eng Kéier gréng gi wier. Wéi et schéngt wor dat dann deen aneren Extrem vum Drang vir op de Knäppchen ze drécken: Einfach guer net drécken, iergend een anere wäert et jo gemaach hunn.

An enger Diskussioun mat engem Aarbechtskolleg iwwert déi Erfahrung si mir zur Konklusioun komm, datt et u sech idiotesch ass fir bei enger Luucht, bei deenen d'Autoe souwisou Rout kréien, nach mussen op ee Knäppchen ze drécken fir als Foussgänger oder Cyclist Gréng ze kréien. Datt dee Knäppchen, am Fall wou net vill Verkéier ass an d'Gréngphase fir d'Autoe méi laang ass, profitéiert gëtt, fir als Foussgänger éischter gréng ze kréien an net laang mussen ze waarden, ass ok. Mä zu den Haaptzäiten, wou iwwerall vill lass ass, an ee vu Gréngphasen nëmmen dreeme kann, soll d'Luucht automatesch fir Foussgänger op Gréng schalten, wann d'Autoe Rout hunn.

Et ass och net esou, datt dat ee generelle Problem ass. Verschidde Luuchten um Kierchbierg maachen dat zum Beispill genee esou, datt een zum Beispill Sonndes mam Auto bei enger rouder Luucht steet, d'Foussgänger hu Gréng, mä wäit a breet ass kee Foussgänger oder Vëlo ze gesinn. Bei anere Luuchten um Kierchbierg ass dat awer net de Fall.

Grad fir d'Sécherheet vun de Foussgänger wier et gutt, wann de Prinzip iwwerall dee selwechten ass. Wéi dacks gesinn ech beim Groussen Theater Leit generft bei Rout iwwert d'Strooss goen, well et entweder ze laang dauert bis si Gréng kréien, oder si net wëssen, op net villäicht nees vergiess ginn ass, op de Knäppchen ze drécken.
 
An deem Kontext ass et interessant datt de Stater Gemengerot am Abrëll d'lescht Joer iwwert ee Foussgängeraktiounsplang diskutéiert huet, an deem och genee déi Punkten ugeschwat gi sinn. Een Aktiounsplang, deem seng Diskussioun op d'Joer 2013 zeréck geet. 4 Joer deemno, respektiv 1 Joer zanter där Gemengerootssëtzung, a vun deem wat do geschat ginn ass gesäit een als Foussgänger nach ëmmer net vill. Do gëtt ënnert anerem och driwwer geschwat, datt och Foussgängerluuchte sollte getakt ginn, a bei wéineg Verkéier d'Foussgänger an Cyclisten manner ewéi eng Minutt musse waarden éier se gréng kréien, bei vill Verkéier maximal 90 Sekonnen. Ech mierke just datt ech mam Vëlo, wann ech mam Verkéier iwwert d'Rout Bréck fueren 2-3 Minutte méi séier doheem sinn, ewéi wann ech iwwert d'Vëlospist op der Rouder Bréck fueren an um Rond-Point Schuman waarden bis ech do iwwert d'Strooss dierf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.