Apropos vum Camille NeyMäi Bäileed fir Däi Gebuertsdag!

Am normale Liewe gratuléiert ee senge Frënn, wa si Gebuertsdag hunn. A wa si net méi do sinn, da fält dat ewech. An de soziale Medien lieft ee weider an et kritt een iwwer den Doud eraus nach gewënscht...

Gëschter hat de Larry Gebuertsdag – hat, net nëmme well et gëschter war, mee och well de Larry eis virun dräi Woche vill ze fréi verlooss huet. An de sozialen Netzwierker lieft hien awer weider – sief et well seng Famill dat esou wëll, oder well se säi Passwuert net kennen fir de Facebook-Profil ze läschen. De Larry war e positive Mënsch, ëmmer e Laachen op de Lëpsen an duerfir ass hien deene Leit bestëmmt och net béis, déi him gëschter gewënscht hunn, heiansdo vläicht ouni ze wëssen, dass hien net méi ënnert eis ass.
An der Cyberwelt gi jo Leit zu Frënn, déi sech emol guer net kennen, nach ni gesinn hunn an awer iwwer de Wee vum Internet matenee verbonne sinn. A wann e sougenannte Frënd da Gebuertsdag huet, da wënscht een him, a wann et eng ganz Lëscht ass, dann alt der ganzer Lëscht – e Phenomen, Klamer op, deen och a Politikerkreesser an Zäite vu Wahlen, ganz gär genotzt gëtt, fir vläicht hei oder do nach déi eng oder aner Stëmm ze fänken, Klamer zou. An och wann dat dacks en Happy- Birthday-copy-paste ass – et huet ee sech d’Méi gemaach, fir un dee Mënsch ze denken, och wann et nëmmen e puer Sekonne sinn.
Wéi et Facebook a Compagnie nach net gouf, da war et dacks just d’6-Woche-Mass oder Allerhellgen, déi eis un eis verstuerwe Frënn oder Bekannten erënnert hunn. Elo gi mir an der Cyberwelt méi dacks u si erënnert : op Fotoen a Videoen an deene si markéiert goufen, oder eben, wa si Gebuertsdag hunn oder haten! Si liewe souzesoen digital weider.  Vill Leit verschaffen hir Trauer och esou an de sozialen Netzwierker.
De Larry krut och online gewënscht vu senge Frënn, déi him eréischt virun e puer Wochen Äddi gesot hunn, mat RIP an der Signature. Soll een elo all deene Leit soen, déi net woussten, dass de Larry dout ass: informéiert Iech gefällegst, ob déi Persoun, där Dir wënscht, iwwerhaapt nach lieft!? D’Zeitunge ginn an der Regel dacks just nach gelies wéinst den Doudesannoncen, a well se manner gelies ginn, weess een dacks och net, wien alles nach ënnert eis ass, wien net. Ass et duerfir schlecht, wann een engem Doudege fir de Gebuertsdag wënscht? Ech fannen net, och wann et eis weist, wéi iwwerflächlech vill Facebook-Frëndschafte sinn! Mee all Kéier, wou een un e Mënsch denkt, a sech Zäit hëlt fir him ze schreiwen an him eppes Léiwes wënscht, mécht eis net ëmmer esou schéi Welt dach e Stéck besser – an deem Sënn: Happy Birthday Larry!

17/07/2017 Apropos: Mäi Bäileed fir Däi Gebuertsdag


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.