Apropos vum Camille NeyKeng Hand virun de Mond

Fir 222 Milliounen Euro wiesselt also den Neymar vum FC Barcelona bei de Paris St Germain - de Camille Ney mécht sech doriwwer esou seng Gedanken...

Wéi soe mer ëmmer zu eise Kanner, wa se iwwer den Dësch houschten: ma huel dach d’Hand virun de Mond! Also ech huelen elo weder Hand nach Blad virun de Mond - wat um Radio och net onbedengt ze recommandéieren ass, well dat giff relativ topech kléngen. Dat schéngt am Sport anescht ze sinn – do ass et ebe kee Blad, mee eng Hand. Besonnesch am Fussball! Do halen sech Spiller, Trainer, Arbiteren, Dokteren an all déi, déi iergendeppes mam Spill ze dinn hunn, an de läschte Joeren d’Hand virun de Mond, wa se mat engem anere schwätzen. Virwat? Ma do ginn et anschengend professionnell Lëppelieser, déi esou eventuell kinnten erausfannen a wéi een Eck en Elefmeter geschoss gëtt, wéi schwéier e Spiller blesséiert ass, wéi eng Frechheet een deem aneren an de Kapp gehäit huet, wien ausgewiesselt gëtt oder wou een zum anere seet: “ech wiessele fir 222 Milliounen op Paräis!” Komëscherweis huet déi Hand virum Mond et nach net bis an de Showbusiness oder an d’Politik gepackt! Stellt Iech emol vir, Trump, Merkel, Macron a Cie géife mat der Hand virum Mond virun de Kameraen aus aller Welt matenee schwätzen! Obwuel – heiansdo wier et jo vläicht wierklech besser! D’Spréchwuert “ech huele kee Blad virun der Mond”, wat jo a sech soll heeschen, dass ee riicht eraus ass, kritt also an dee läschte Joeren duerch de Sport a méi speziell de Fussball eng ganz aner Bedeitung! Dat soll ëm Gottes Wëllen kee gewuer ginn! Kee Wonner, bei deem Geld, wat do iwwer d’Théik geet! Eusebio, Pélé an Netzer hunn dat nach net gebraucht. Bei Neymar, Messi a Cie ass et e Must, well wann déi Gespréicher iere geleakt ginn, spréch, wann een hinnen eppes vun de Lëpsen oofliest, da kann et schonn emol e klengt Äerdbiewen op de Bourse ginn, op deene jo och ëmmer méi Veräiner gefouert ginn. “Geld regiert die Welt”, heescht et esou schéin! De Fussball ass den Ament vläicht am gaang doduerch zu Grond ze goen an dann ass et net méi fir eng Hand virun de Mond ze halen, mee déi zwou virun d’Gesiicht…

04/08/2017 Apropos Keng Hand virun de Mond 17h50



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.