Apropos vum Guy SeylerJidderee wëllt laang liewen, awer kee wëllt al ginn !

Wéi al sidd Dir? Esou eppes freet een net. Besonnesch wann et sech beim Géintiwwer ëm eng Damme handelt, soll een esou eng Fro net stellen. An dach ginn et Situatiounen, wou dat duerchaus ubruecht ass, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Wéi ech kleng war, a mat menger Mamm op d’Rees gaange sinn, gouf ech virdrun gebrieft. Wann een dech freet, du bass nach keng 6 Joer al ! Héiers du ! Ech hat verstan. Ënner 6 Joer war den Zuch gratis. Gefall huet dat mir net. Ech war jo schonn e grousse Jong. Kee Puppelche méi. An duerfir hätt ech gäre méi bezuelt. Meng Mamm awer net.

Haut leeft et genee an déi aner Richtung.

An der Vakanz ware mir zu Lissabon. Eng schéi Stad mat ville Facetten. Ech ka kee Portugisesch. Mee 2 Wierder hat ech séier drop. An all Keess vun engem Musée oder enger Ausstellung sot ech : dois Seniores.
An direkt hu mir nëmme méi den hallwen Entrées-Präis bezuelt.

Ech hat ëmmer scho meng Carte d’Identité parat, gouf déi awer ni gefrot. Wouhier weess de Mann an der Keess dann, datt ech scho méi wéi 65 Joer al sinn? Kënnt hien dann net op d’Iddi, datt ech kënnt fuddelen?

Hien hätt mäin Alter sollten iwwerpréiwen. Oder op d’mannst kënnen erstaunt dra kucken.
Oder huet hie mir éieren ofgesinn, datt ech scho pensionéiert sinn?
Dat kann dach bal net sinn, well vill vu menge Frënn soen dacks: Du gesäis nach gutt aus ! Et géif een dir däin Alter net ginn.  

Ass dat éieren nëmme Gebléimels ? Nëmme Balsam fir meng sensibel Séil.

Déi leschten Deeg zu Lissabon hunn ech guer näischt méi gesot. Ech hunn an der Keess de volle Präis bezuelt.
Elo war ech net méi de Pensionnaire. Ech hunn net méi zum alen Eise gehéiert.
Dat war mir déi puer Euro, déi ech méi bezuelt hu, wäert.

11/09/2017 Apropos - Guy Seyler



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.