Apropos vum Christiane KremerPardon, wann ech nach net geäntwert hunn ...

Sech entschëllegen ass eng Dugend, déi jidderee soll hunn. Besonnesch wann een en anere Mënsch blesséiert oder bruskéiert huet. Schlëmm gëtt et awer, wann een op eemol just nach Entschëllegunge schreift.

Ech weess net, wéi dacks ech dat Wuert Pardon an de leschten Deeg a Woche scho geschriwwen hunn. Heiansdo schreiwen ech och, alt fir ofzewiesselen "Entschëllegt" oder "Et deet mer leed" oder "Sorry". Dat ass wuel sproochlech Diversitéit, mä um Sënn vun der Saach ännert näischt.

Mol dovunner ofgesinn, datt ech mech nach ni genéiert hunn, mech z'entschëllegen, wann et ubruecht ass; da fänkt mer den Ament dës Manéierlechkeet awer u ferm op d'Nerven ze goen. Neen net, well ech elo op eemol keng Skrupel méi hunn, mä well ech mam beschte Wëllen net méi nokommen.

"Pardon wann ech nach net geäntwert hunn ..." All drëtte Mail, deen ech den Ament schreiwen, fänkt esou un. Ech kréien einfach dat, wat do Dag fir Dag a menger Inbox opdaucht, net méi an engem adequaten Delai ofgebaut a verschafft. Dat heescht an dësem Fall, ech kommen net méi no, fir sou séier wéi et geet e Reply ze maachen, mat Äntwerten op Froen oder Reaktiounen op Proposen oder einfach nëmme Kontakt mat Mënschen halen, déi mer eppes wëlle soen oder matdeelen oder déi vläicht just nëmme wëlle wëssen, wéi et mer geet.

Also et geet mer gutt, dat emol direkt gesot, falls ech nach engem net soll op esou e Mail geäntwert hunn. Viru Joren hunn ech den E-Mail nach als déi easyest Form vu Kommunikatioun gesinn, well et engem d'Chance ginn huet, dann de Mail ze schreiwen oder ze beäntweren, wann een Zäit dofir hat. A well schreiwen nach ëmmer eng nohalteg a kreativ Form vu Kontakt ënnert eneen ass. Am Fong gesinn ech dat och haut nach esou. Just den Detail mat der "Zäit dofir hunn", deen huet gewiesselt. Well d'Zuel vun de Mailen, besonnesch elo bei der Rentrée, ëmmer méi an d'Luucht geet.

An der Vakanz hat ech probéiert sou wéineg wéi méiglech d'Mailen ze checken, dat huet mat sech bruecht, datt ech den éischten Dag op der Aarbecht soss näischt gemaach hunn wéi deleten oder replyen oder forwarden. Anscheinend soll een, fir net direkt nees an de Stress ze geroden, nach zwee Deeg laang nom Congé den Out-of-office uloossen. Da kréien d'Leit op d'mannst esou eng Äntwert.

Dat ass da fir deen nächste déi nächste Kéier, wann ech meng geraumte Mailbox an den Out-of-Office-Modus setzen an e puer Deeg net do sinn.

Mä well dat nach eng Zäitchen dauert, hunn ech mer geduecht, ech géing vun dësem Apropos profitéieren, fir all deenen, déi nach op eng Äntwert vu mer waarden, ze soen: Pardon, wann ech nach net geäntwert hunn ...

14/09/2017 Apropos "Pardon, wann ech nach net geäntwert hunn



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.