Apropos vum Marie GalesGläichberechtegung

Sécherlech vill erreecht, ma dacks falsch ëmgesat, de Mutt hu fir Nee ze soen, et bleift nach vill ze maachen a virum allem ze änneren, d'Marie Gales erkläert

© rtl.lu
Apropos Gläichberechtegung



Fraen a Männer si gläich! Jiddwer Mënsch, dee logesch denkt, misst dat aliichten. Ma sou selbstverständlech dat och sollt sinn, war et fréiers net a déi Tatsaach schéngt och 2017 net iwwerall ukomm ze sinn. An der däitscher Press liesen ech zum Beispill nach ëmmer vun deem ongerechten Ënnerscheed an de Paie fir de gläichen Job bei deene zwee Geschlechter! Oder direkt ganz krass, et ginn nach ëmmer Gemeinschaften an deenen d'Fra nom Mann ze iesse kritt an ëmmer e Schratt muss hannert him goen an et gouf bis gëschter nach e Land an deene Fraen net hunn dierfen Auto fueren. Dat gouf jo elo erlaabt, d'Ëmsetzen dauert awer nach bis dat nächst Joer.

Eppes schéngt awer och net mat de Fraerechter am Museksbusiness an der Rei ze sinn. Ech duecht mat 45 Joer hätt ech alles kannt wat mat Ausdoen a sech Presentéieren ze dinn hätt. Ma nee, dës lescht ass mir de Mond dach opstoe bliwwen, wéi ech op engem X belibege Museksender e rezente Videoclip vun Nicky  Minaj an Jason Derulo gesinn hunn! Wuer Fra oder Dekoratioun Fra beschreift et am beschten.
Mir fale nach aner vill blöd Videoclippe an. Firwat muss eng Fra mat engem Schof um Aarm plakesch duerch e Videoclip trëppelen? Et sief!
Nieft deene Dänzerinnen a Sängerinnen, déi hire Busen an d'Kamera drécken oder sech iwwert gepimpten Auto reiwen oder dee wäschen, freet sech nees firwat, steet oder beweegt sech dann e Mann, Sänger oder Rapper, ma virun allem ugedoen!

Denkt elo net dass ech mat deene Popmadamme a Joffere op Zirkuspäerd getrimmt Matleed hätt. Ma fir dem Andy Warhol seng ugekënnegt 15 Minutte Bekanntheet an dat séiert Geld muss een als Fra wuel vill Haut a verschiddene Positioune weisen. Schued, dass een sech just bis op d'Haut kann ausdoen!
Taylor Swift, Ariana Grande a wee soll ech nach nennen, Jennifer Lopez an se alleguer kennen d'Spillregelen, ma si maachen awer mat, well si wëllen en déckt Stéck wéi méiglech vun deem Kuch kréien. 

Bleift just dat Bild vun der Fra op der Streck, dat an d'Welt transportéiert gëtt! Bei Kanner a Jonker, déi virun allem dës topesch Clippe kucken. Fir mech ass dëst nees e Bild aus der Steenzäit a vum Urmënsch an keent vun enger moderner emanzipéierter Fra.
Gläichberechtegung? Tjo, da gëtt et ebe kee Kuch,  gesäit anescht aus!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.