Apropos vum Roland KaltéEemol Friemd, Aller/retour w.e.g.

Enn September sinn déi Saachen, déi een am Summer erlieft huet, schonn erëm blatzeg an der Erënnerung. De Roland Kalté hält déi Gedanken awer nach ee Moment fest.

Apropos: Eemol Friemd, Aller/retour w.e.g.


An? Si Der erëm aus der Friemd? Elo an der Vakanz. Der waart dach, oder?

An der Vakanz zitt et eis dach ëmmer fort. An d’Friemd? Obwuel mer se jo nit kennen, si eis vläicht esouguer e bëssi Angscht mécht. Vläicht zitt s’eis un, ebe just well mer se nit kennen. T’ass jo souzesoen de Géigendeel vum Eegenen.

Dat Friemd kann eng Stad sinn, e Land, e Kontinent. T’kann awer och de Klang vun enger Musek sinn, eng Kultur oder - eng Persoun. Dat Friemd kann einfach esou optauchen, eis erstaunen, erféieren, lackelen. Dacks iwwerfuerdert s’eis, well mer gewinnt sinn a vertraute Schablounen ze denken. Si mécht eis awer och virwëtzeg, t’geet e gewësse Reiz vun hir aus. Firwat si soss déi exotesch Länner fir eis esou – reizvoll mat hiere frieme Kulturen, alt bis zum Kulturschock?

An ëmmer erëm stellt sech d’Fro: Wéi ginn ech mat deem Friemen ëm? Vläicht soll een s’als dat Aussergewéinlecht akzeptéieren, op sech wierke loossen ouni et direkt ze bewäerten. T’kann ee sech e bëssen un em reiwen, vergläichen, Eegenes hannerfroen, eventuell nei Usiichte fannen. Ass nit onbedéngt einfach, well – „was der Bauer nicht kennt“ jo, jo kenne mer jo.

D’Friemd ass grad ewéi dat Eegent eigentlech just eng Fro vun der Perspektive. Global gesinn si mer all Friemer. Op alle Fall am gréissten Deel vun der Welt.

Majo dann, Chrëschtdag ass déi nächst gréisser Vakanz. D’Kataloge fir an d’Friemd aller/retour leie schonn an de Reesbüroen. 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.