Apropos vum Roland KaltéSpigel

Wann et nëmme geet, probéiert de Mënsch laanscht all Zorte vu Konfrontatioun ze kommen. De Roland Kalté weess awer, wou si net z'evitéieren ass.

Apropos: Spigel


Wann ee mueres an d’Buedzëmmer kéint, also, bei eis doheem ass et emol esou, da kuckt do een dech all Mueren un, dee gesäit schlecht aus. Deen am Spigel do.

Dee Spigel ass esou éierlech ewéi erbaarmungslos. Mä – just nëmme mam Spigel senger Héilef ka jiddereen am Alldag erkennen, ob de Liewerfleck stéiert oder ob en engem gutt geet, ob de Rack z’enk oder d’Box ze kuerz ass, d’Frisur sëtzt oder éischter lächerlech wierkt. Fir eist Selbstbild ass de Spigel nit méi ewech ze denken, en ass eisen éischte vis-à-vis, e weist eis, wann och säiteverkéiert, wéi mer eis der Welt presentéieren.

Hautdesdaags ass eng Welt ouni Spigel souwisou guer nit méi denkbar. Fir de Baart ze man, gëtt et de Raséierspigel, fir d’Schminken e Schminkspigel, beim Autofueren de Réckspigel, an der Medezinn Mo- an Daarmspigelung, an ouni Spigelteleskope kéinte mer nit esou gutt an de Weltraum kucken.

Mä firwat fäerten esou vill Leit de Bléck an de Spigel? Well all Guddes wéi Schlechtes, dat ee weist, kënnen déi aner jo souwisou gesinn. Eh jo, dee nit ëmmer schéine Bléck do vun eisem Baussegten verlaangt heiansdo Courage, zwéngt eis och zur Reflexioun iwwer eis selwer. E Spigelbild mécht engem d’Aen op fir eist baussegt, awer och eist bannzécht Wiesen.

An iergendwéi spigelt engem Méinsch säi Liewen sech fréier oder spéider a sengem Gesiicht erëm. Also nit fäerten, dee mueres do... am Buedzëmmer...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.