Apropos vum Roland KaltéKafe fir den Dreckstipp

De Roland Kalté huet sech e puer Gedanken zum Konsum gemaach.

Apropos: Kafe fir den Dreckstipp


Mer liewen an enger Ewech-Gehei-Gesellschaft, an enger Ewech-Gehei-Kultur. Alles gëtt express, bewosst esou fabrizéiert, dass et nit laang hält, fir dass mer ëmmer erëm weider kafen, kafe mussen. All –Déngen- gëtt quasi fabrizéiert, fir ewech gehäit ze ginn. Gefléckt gëtt näischt méi. An déi nei –Dénger- waarde wéi benzeg an de Regaler, fir kaaft an ewech gehäit ze ginn. D’Ekonomie ass zefridden, de Commerce fluppt, d’Dreckstippe lafen iwwer. Fir d’Ëmwelt eng Katastroph.

Mä – nit nëmme fir d’Ëmwelt.

Déi Haltung do, alles als liicht entsuergbar ze betruechten, dréckt och eisen tëscheméinschleche Relatiounen hire Stempel op, erfaasst och eis Bezéiungen. Mer kämpfe nit méi em Relatiounen, ginn eis keng grouss Méi méi fir Fréindschaften. Hopp a fort dermat. Mer gesinn aner Méinschen als grad esou ersetzbar wéi e Vëlo, en Handy, en Auto oder en anert –Déngen-. Mer tendéieren derzou och Relatiounen zu Aarbechtskollegen, Frënn als austauschbar ze gesinn. Esouguer Partnerschaften gi ruckzuck per SMS, Whatsap brutal a radikal aafgeschloss. Ewech gehäit! Wéi gesot: Gefléckt gëtt näischt méi. Da léiwer eppes Neits.

Wann een e bëssi driwwer nodenkt, spiert een esou e Gefill vu Sënnlosegkeet. Déi hopp a fort-Kultur, déi Ewech-Gehei-Gesellschaft hëlt och viru Méinschen keng Récksiicht. Mer sinn en Deel vun hier, esou wéi dat –Déngen- do am Regal, dat wéi benzeg waart, fir ewech gehäit ze ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.