Apropos vum Roland KaltéAn? Schonn e Plang?

De Roland Kalté geheit elo e Gedanken an de Raum, deen hautdesdaags wahrscheinlech dacks ignoréiert gëtt.

Apropos: An? Schonn e Plang?


Den Owend schonn eppes vir? Oder de Weekend? Déi nächst Vakanz? Schonn alles geplangt? Zukunftspläng entwéckelt? Hu Der e Plang fir all dat? E Liewesplang?

Vill Leit sinn iwwerzeegt, hiert Liewen komplett am Grëff ze hunn. Do gouf e Plang opgestallt, an dee gëtt aafgeschafft. Punkt fir Punkt.

Mä, eist Liewen hält sech nit onbedéngt drun. Do leien op eemol Saachen um Wee, déi ware nit virgesinn.

Ween nëmme nach säi Plang am Kapp huet, rennt laascht seng Chancen. Pläng kënne blann man. D’Liewe geléngt nit duerch de richtege Plang mee duerch d’richtegt Verhalen. T’ass nit nëmmen onrealistesch, d’Liewen als plangbar ze verstouen, t’ass och langweileg. D’Spontanitéit duerch d’Päif.

Ween hätt virun e puer Joer geduecht, wat fir eng Roll den Internet haut fir eis spillt?

An – éierlech – gesäit Äert Liewen haut esou aus, wéi Der Iech et mat 18 Joer virgestallt hutt? Wuel kaum. 

Mat 20, mat 20 hat ech mäi Liewe ganz genee, ganz detailléiert geplangt. Mäi Liewe laacht sech haut nach futti!

T’muss ee jo nit komplett ouni Plang drop lassliewen. Mee – d’Aen op! Fir d’Chancen ze gesinn, fir d’Pläng eventuell mat Zäiten lassloossen ze kënnen. Ëmzeswitchen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.