Apropos vum Roland KaltéD'Buch vum Liewen

Et wier elo e gudde Moment, fir d'Zäit kuerz unzehalen an nozelauschteren. De Roland Kalté trëppelt mat eis zesummen op d'Brems a mécht eis op eppes opmierksam.

Apropos: D’Buch vum Liewen


Ech hu vru kuerzem deem verréckten, awer positiv verréckten Albert Espinosa säi Buch „Club der roten Bänder“ gelies.

T’ass keen déckt Buch, mä – t’beréiert een, t’erstaunt een, t’verännert een. Bei kengem anere Buch hunn ech esou dacks um Schopenhauer säin Zitat „Liesen heescht mat engem frieme Kapp, statt mat deem eegenen ze denken“ geduecht.

Ass deen Epinosa do nit e bëssi verréckt, oder muss een esou vill an esou laang krank gewiescht sinn, fir duerch esou Gedankegäng durch déi Leidenszäit ze kommen. Fir se ze packen, nit ëmmer erëm opzeginn. Natierlech gouf et och vun him e Krankendossier. Zum Schluss war en esou schwéier, dass keen e méi gepackt huet, e gouf op engem Weenchen duerch d’Spidol gezunn. Lescht Zeil do dran: „De Patient ass geheelt!“.

Uff! Elo kéint ee jo unhuelen, dass ee ni méi esou en Dossier wéilt gesinn. Awer nit den Espinosa.  Hien huet et erstaunlech fount, dass mer all iergendwou e Krankendossier hunn, awer kee Liewesdossier. Hien huet sech op alle Fall direkt ee kaaft a säi Liewesdossier ugefaang. En Dagesbuch eigentlech. „Grad esou wichteg wéi e Krankendossier“, seet den Espinosa.

Do dra kanns de noliesen, wat der virun 2 oder 3 Joer op de Geescht gung, wat der Suerge gemeet huet. An da stells de fest, wéi egal der dat an der Tëschenzäit ginn ass. Well s de deng Ziler eventuell erreecht hues, heiansdo och, well se der a Wierklechkeet guer nit wichteg waren.

Esou Dagesbicher sinn en Deel vun denger Liewesgeschicht.  A wann dech emol eppes aus der Bunn geheit, méchs de däin Dossier op a schnoffels un dengem Liewen. An da mierks de, dass d’Liewen iergendwéi zyklesch ass, alles ëmmer erëm erëmkéint. De Problem ass just, dass eist Gediechtnes d’Saache reduzéiert a villes einfach vergësst.

A Krankendossieren geet et em Krisen, Problemer, em Gesoundginn.

A Liewesdossieren soll et em e positiivt, glécklecht Liewe gouen. Haaptsächlech op d’mannst. Em schéi Momenter, wouriwwer ee gelaacht huet, wat engem Freed gemeet huet. Leit, an deenen hirer Gesellschaft ee sech gutt gespuert huet. Flott Momenter, léif Gespréicher, agreabel Iwwerraschungen. Vergësst ee mat der Zäit, oder?

Maja, firwat dann nit d’Buch vun Ärem Liewe selwer schreiwen?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.