Apropos vum Roland KaltéHate mer schonn alles

De Roland Kalté hält eis de Spigel virun d'Nues. Well d'Zäiten änneren zwar, mä de Mënsch sech anscheinend net.

Apropos: Hate mer schonn alles


Alles, alles kommt zurück,
alles kommt nochmal,
genial oder geschmacklos,
das ist ganz egal
(Lidd vum Roger Cicero)

Eh jo, nit alles ass nei, villes hate mer schonn. Oder bal alles. 

Oh jo, do häss de jo gemengt, een un de Pranger stellen wier Vergaangenheet, hat jo am Mëttelalter eigentlech säin Héichpunkt. Mä nee – huet Renaissance ... am Internet. 

D’Bühn bidden déi sozial Medien. All Feelverhalen oder soss eppes gëtt ouni Gnod bestrooft. An déi modern Prangerstrof do ass nach schlëmmer wéi déi am Mëttelalter oder eppes méi spéit. D’Bewäertunge si jo nit nëmme Strofen, mee och Uerteeler. A fréier kount een d’Duerf oder d’Stad verloossen no der Strof, mee – den Internet – dee vergësst nit, an en ass iwwerall! D’Welt ass en Duerf. Däi Ruff ass hautdesdaags méi séier wéi’s du.

An de gudde Ruff ass fir de Méinsch méi wäert wéi säi Geld. E schlechte Ruff ass fir jiddfereen eng existenziell Bedrohung, finanziell a sozial.

Ween eemol um Cyberpranger stung, kéint nit méi eraus. Ruckelzech.

Ob jiddereen d’Konsequenze weess, déi en do mat senge Mouvementer am Cyber ausléise kann. Cyber heescht iwwregens eigentlech Steierung. An t’kann ee jo och mam Cybermobbing déi aner an eng Situatioun, och eng ruckelzech Situatioun steieren, navigéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.