Apropos vum Gibbes Bertolobye-bye Bugs Bunny

91 Joer, e laangt Liewen. De Hugh Hefner, Grënner a Papp vum Playboy, huet eis also gëschter verlooss

"Dir sidd e Mann, deen op Entertainment mat enger Grëtz Humor, gehuewenem Usproch a Pepp steet ?
Dann ass de Playboy fir Iech bestëmmt." Dat war, graff resuméiert an zitéiert, dem Hugh Hefner säi Verkafsargument.
Koum anscheinend gutt un. Net iwwerall a bei jidderengem, awer d'Success Story schwätzt eng kloer Sprooch.
Also, ech selwer hu mer nach ni esou een Heft kaf, haut an och deemools net, als jonke Kärel. Ech krut awer dacks deen een oder aneren Exemplaire geléint. Merci nach eemol, Tom. Fir dann genësserlech a vrun allem heemlech dran ze bliederen.
An: ze liesen! Well et war jo allgemeng bekannt, datt am Playboy vill héichinteressant Artikelen iwwer Moud, Kultur a Politik stoungen. Datt do dertëscht och alt mol dat eent oder anert plakegt Meedchen opgedaucht ass, huet zwar net gestéiert, mä ... also: dowéinst huet jo keen de Playboy kaf. Gell?
Ech wousst laang net, ob ech dee Hugh Hefer do sollt gutt fannen oder net. Dee Mann huet sech net genéiert sech och nach am héijen Alter (fir net ze soen: als alen Hues) am samette Buedmantel oder am seidene Pyjama mat jonken, meeschtens blonden, op Héichglanz poléierten Dammen an Evidenz ze setzen, ze dekoréieren. Wat soss nach hannert de Kulisse gelaf ass geet jo keen eppes un. Et gëtt gemunckelt en hätt der iwwer 1000 gehat. Hie wäert et jo wëssen, oder och net.
Mä u sech huet e jo kengem eppes gedoen. D'Playmaten hu sech selwer ausgedoen an d'Lieser hunn et nawell gutt erdroen.
"D'Liewen ass ze kuerz, fir den Dram vun engem aneren ze liewen" sot en mol eng Kéier.
An datt en no sengem Dout un der Säit vun der Marilyn Monroe wéilt begruewe ginn. Well: "Wie wëll dann net bis an all Éiwegkeet nieft dem Marilyn leien?"
Bestëmmt sëtzt dee gudde Hugh, déi Ikon vun der moderner Popkultur, elo do uewen op enger rosa Wollek, an der Mëtt vun Dausenden léiwe klenge Bunnien a kuckt déck zefridden erof. A freet sech, datt en nach sou just matkrut, wat de Salman ibn Abd al-Aziz virgëschter per Dekret decidéiert huet. De saudi-arabesche Kinnek, vläicht och en treie Lieser?

Apropos