Apropos vum Daniel NepgenIncentive

Den Dag huet 24 Stonnen. Doru wäert sech och ni eppes änneren. Dat eenzegt dat ännert, dat ass wéi de Mënsch seng Zäit notzt. Den Daniel Nepgen observéiert am Moment en Trend, deen engem ze denke gëtt.

02/10/2017 Apropos: Incentive


De Wecker rabbelt. Ze spéit un. D'Kand kënnt net mat Zäit an d'Schoul. Kee Problem, well et kann um Tablet-Computer iwwer Live-Stream um Wee an d'Klass den Unterrecht suivéieren. Muss et och, well et gëtt keng Excuse méi, e Cours ze verpassen. Den Auto bleift iwwerdeems an der Garage stoen, well wann de Bus fir an d'Schoul an op d'Aarbecht geholl gëtt, erkennt den Handy dat an et fiert ee gratis, als Belounung wann een dat dacks mécht. Et gëtt keng Excuse méi, fir säin eegent Gefier ze huelen. Den Trajet op de Bureau gëtt genotzt, fir sech mat den Aarbechtskollegen iwwer Videokonferenz ofzeschwätzen, wat haut Prioritéit huet. Et gëtt keng Excuse méi, fir eréischt op der Aarbechtplaz unzefänke mat schaffen. Um Wee heem nach séier en Ëmwee laanscht de Supermarché, well de Frigo huet mir gesimst dass wichteg Saache feelen. Et gëtt keng Excuse méi, en eidele Frigo ze hunn.

Dat alles baséiert op Projeten déi am Kader vu vernetzte Stied weltwäit getest ginn. D'Zauberwuert ass "Incentive". All déi Saache ginn eis als "Ureiz" verkaf, eppes anescht oder besser ze maachen. Mä et ass méi wéi dat. D'Technologie bitt d'Léisungen net nëmmen un, mä si ginn eis quasi opgezwongen, well et jo Vereinfachunge sinn ... Ofkierzungen. D'Gesellschaft als Ganzt soll net nëmme méi effizient schaffen, mä ewell och méi effizient liewen. Wien och nëmme fënnef Minutten net vernetzt ass mam Rescht vun der Welt, wien Zäit a Ressource verbëtzt, gëtt an den Eck gedréckt.

Et maach a ville Fäll wierklech am Sënn vun der gudder Saach sinn a bréngt d'Gesellschaft och dacks virun. Mä wou bleift de Mënsch? Néierens ginn d'Kanner méi op Succès getrimmt wéi a China. An nieft der Schoul hu si scho vu Klengem un e volle Programm u weideren Aktivitéiten, fir méiglechst vill Fäegkeeten auszebauen a Kompetenzen ze kréien. Mä a China gëtt et ee grousse Problem. Et feelt u Kreativitéit. Am Verglach mat anere Länner sinn déi chinesesch Kanner déi, déi am mannsten inspiréiert sinn, fir mol ëm den Eck ze denken. Hinne feelt ... Langweil. Vu Klengem u gi si drop getrimmt, ëmmer dat Richtegt ze maachen.

Fir Mënsch ze bleiwen, denken ech dass et wichteg ass sech reegelméisseg a méiglechst an alle Beräicher vum Liewe Fräiraim ze halen. De Mënsch ass keng Maschinn. Mir mussen och heiansdo einfach näischt maachen. Oder Feeler maachen. Oder de laange Wee goen, eppes anescht maachen. Wien sech ze vill op déi Welt vun "Incentives" aléisst, reagéiert am Endeffekt just nach op ee Stimulus nom aneren. Dat pompelt eis zwar voll mat deem Gefill, en "gudde" Mënsch ze sinn an dat Richtegt ze maachen, mä mir riskéieren duerno an en déift Lach ze falen. Nom technologesche Rausch kënnt nämlech iergendwann de kale mënschlechen Entzuch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.