Apropos vum Christiane KremerDierf och e Mann Bundeskanzlerin ginn?

Mir sinn a Wahlzäiten, souwuel heiheem wéi och an eisen Nopeschlänner, wou jo d'Wierfele scho gefall sinn. D'Resultater sinn ëmmer den Inhalt vun Analysen an Diskussiounen an dat wäert, och zu Lëtzebuerg, net anescht sinn. D'Christiane Kremer beschäftegt sech an deem Kader am Apropos vun haut mat enger intressanter Kannerfro.

Dierf och e Mann Bundeskanzlerin ginn? Dee Saz huet mer vrun e puer Méint eng däitsch Fra gesot an domadder hiren 8 Joer ale Fils zitéiert, dee sech un e Mann un der Spëtzt vun der däitscher Regierung net erënnere kann. An dat wäert an den nächste Jore jo wuel och net änneren.
Ech hat d'Madame bei engem Interview zum Thema "Gläichheet vu Mann a Fra bei de Wahlen" kennegeléiert. Am Laf vum Gespréich koum eraus, datt och an Däitschland d'Frae sech schwéier dinn fir sech politesch z'engagéieren, och, oder esouguer grad, um kommunale Plang. An dat  trotz dem Virbild vun enger Bundeskanzlerin.
Aus wéi enge Grënn och ëmmer, notze mir Fraen eist Recht nach ëmmer net genuch fir an der Politik an och an anere Beräicher eng Roll wëllen ze spillen.
Schued eigentlech, och wann ech mech elo net wëll an eng Dikussioun iwwer Duebelbelaaschtung oder Chancegläichheet oder déi ominös Quote lancéieren.
Trotzdeem dierft ee sech dach emol d'Fro stellen, firwat Fraen ëmmer nach mengen, si kéime géint d'Männer net zum Zoch an et hätt deemno och kee Sënn sech z'engagéieren. Sécher dat ass net deen eenzege Grond firwat Fraen zécken, mä et ass awer een, deen eigentlech laang misst verschwonne sinn aus eise weibleche Käpp.
D'Fräiheet an d'Chance ze hunn fir matzemëschen a matzedecidéieren ass e Recht, vun deem mer onbedéngt sollte profitéieren.
Sou wéi mer jo och hoffen, datt elo all d'Fraen a Saudiarabien sech sollen op hiert neit Recht beruffen an endlech duerfen de Führerschäin maachen an Auto fueren.
Vläicht ass domadder den éischte Gank an fir op der Strooss vun der Gläichberechtegung virunzekommen. Och wann déi do nach ëmmer vu Männer an d'Weeër geleet gëtt.
Mä vläicht freet jo och do eemol e Bouf seng Mamm: "Duerf och e Mann Kinnigin vu Saudi-Arabien ginn?"

Apropos: Duerf och e Mann Bundeskanzlerin ginn?



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.