Apropos vum Camille Ney: Zivilcourage

Kommentéieren, zwitscheren, säi Pefferkär bäileeën... nennt ët wéi der wëllt! Op alle Fall ass des Aktivitéit mëttlerweil en Hobby, jo, quasi e Vollékssport vu ville Leit ginn, déi méi oder manner bekannt sinn. Dat ass jo och dat demokratescht Recht vu jidderengem, seng Meenung fräi zum Ausdrock ze bréngen. De Camille Ney huet just e Problem mat deenen, déi anonym an ongefiltert aus der Heck schéissen...

Um 32. Stack vun engem Hotel 2 Fënstere futti schloen an dann aus 300 Meter, mat automatesche Maschinnegewierer honnerte vu Kugelen op eng Mass vun onschëllege Leit schéissen, Familljen zerstéieren an duerno sech selwer ëmbréngen an domat vill Äntwerten op méiglech Motiver einfach läschen… Iwwerdeems wou Experten elo probéieren d’Puzzelstécker vum “Firwat” zesummen ze leeën, an no Ursaachen vu psychesch gestéiert bis onheelbar krank sichen, ass dee mäerderesche Massaker, wéi schonn esou vill vun där Zort virdrun, virun allem eent: FEIG – fett, ënnerstrach an a grousse Buschtawen!

Verstitt mech elo richteg – ech wëll elo kee Verglach zéien tëscht dëse barbareschen, onerkläerlech grausamen an onmënschlechen Akten, mee ech maache mir awer esou meng Gedanken zum Thema “aus der Heck schéissen”. Wieder kënnen och Kugele sinn! Och wa se keen esou blesséieren, dass ee mat enger Wonn an d’Spidol ageliwwert gëtt oder direkt dru stierft, esou kënnen se awer immens wéi doen a psychologesch a psychosomatesch Konsequenzen hunn, déi – wann d’Faass iwwerleeft – grad esou dramatesch Konsequenze kënnen hunn. Zemools, wa se feig aus der Heck geschoss ginn. Déi aktuell Prozesser iwwer Facebook-Commentairen beweisen eis dat – an ee Gléck: eis Justiz gesäit déi verbal Schëss net als Kavaléiersdelikt. De Legislateur ass an dëser neier Form vun onkontrolléierter Aggressioun awer och gefuerdert.

Dat wat fréier Lieserbréiwer mat Initiale waren, sinn haut anonym Commentairen op Internet-Siten an an de sozialen Netzwierker mat engem Toun, bei deem verschidde Leit hier gutt Kannerstuff vergiessen an ënnert dem Deckmäntelchen vun engem fiktive User-Name eng Mask undoen a sech selwer dacks vergiessen. Ee schaukelt deen aneren héich, bis d’Dëppe kacht! Si nennen sech Humpejang oder Vullemetti, wiedere géint alles, wat sech beweegt, a loossen hirer Roserei, Frustratioun an Aggressivitéit fräie Laf. Ech si scho gespaant, wéi eng Commentairen elo hei ënnen drënner ge-post ginn. Zielt emol bis 3 an iwwerleet Iech emol, op Dir Iech géift trauen enger Persoun dat esou ze soen, wann Dir hier riicht an d’A géift kucken? A maacht mir weg just ee Gefalen: ersetzt Äre Fake-Numm duerch dee Richtegen - dat ass och Zivil-Courage!
12/10/2017 Apropos Zivilcourage 12h50


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.