Apropos vum Michelle ReiterMusek

Ob eemol si se net méi do. An da kommen Erënnerungen. Et huet ee se net kannt, an awer....



Wann ech ufänke mat Tom Petty, da wësst der a wéi eng Richtung et geet. George Michael, Lou Reed, Prince, Cicero, David Bowie, Jeff Buckley, Michael Jackson, Lemmy Kilmiser, Leonard Cohen, Amy Winehouse, Freddy Mercury, Jimmy Hendrix, Janis Joplin, Jim Morrison, John Lennon, Georges Brassens, Bachelet, Barbara, Bashung, Becaud, de Jacques Brel Haut virun 39 Joer...

Beschte Beispill ass a bleift wuel awer den Elvis. Wien deemools schonn op der Welt war weess nach genee wou e war, wou d'Nouvelle vum Dout vum King komm ass.

Dir wësst der bestëmmt nach vill, vill an déi Lëscht bäizesetzen, dat waren elo déi Nimm déi mer spontan an de Kapp komm sinn.
Wann  ee vun deene Prominenten eis verléisst, da mierkt ee mol, wéi vill ee mat deem gedeelt huet. Wuel eesäiteg. Awer et kommen engem esou vill Situatiounen an de Kapp wou een genee déi Musek gelauschtert huet. Ablécker, Plazen, Vakanzen, Zäiten an der Schoul, op der Aarbecht... et falen engem Gespréicher an, déi een bei där Musek gefouert huet... an et falen engem Leit an déi ee mat ebe grad deem Interpret an Zesummenhang bréngt.

Do maachen agreabel Momenter dobäi sinn, bestëmmt awer och Abschnitter am Liewen déi manner flott waren.
An da versteet ee, firwat esou grouss Gehirer esou schéi Spréch iwwer Musek gemaach hunn. Just een eraus gepickt. Vum Friedrich Nietzsche : 'Ouni Musek wier d'Liewen en Iertum'.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.