Apropos vum Sandra MélanLiggen

Et ass praktesch net méiglech, de ganzen Dag duerch vu Grond op éierlech ze sinn. D'Sandra Mélan huet awer e Beispill, dat dësen toleréierte Kader sprengt.

17/10/2017 Apropos: Liggen


D’Bloggerin Belle Gibson aus Australien huet behaapt si hätt en onheelbare Gehirtumor. Domat huet si och nach Sue verdéngt. Si hat hire Follower e Buch an eng App recommandéiert fir duerch eng Ernährungsëmstellung de Kampf géint déi Krankheet ze gewannen. 

Den Hoke bei der Saach ass, datt d’Belle Gibson guer net krank war. An et stëmmt och net, datt si de gréissten Deel vum Gewënn u karitativ Organisatioune gespent huet. Do si just 7000 Euro ukomm, amplaz vun e puer Honnertdausend Euro. An Australien ass si elo zu enger héijer Geldstrof veruerteelt ginn. Fazit: Och wann am Ufank jiddereen hier gegleeft huet, ass de Bedruch awer opgeflunn.

Sou ass et jo gewéinlech mat Ligen. Iergendwann kënnt d ‘Wourecht dach un d‘Liicht. Mä wat animéiert Mënschen dozou Geschichten ze erfannen? Jo kuerz Zäit funktionéiert hiert Spannennetz mat Ligen. Et fillt een sech deen Ament vläicht gutt, wéi e Gewënner. Mä wann den Zäitpunkt kënnt, wou alles wéi e Kaartenhaus zesummefält, verléiert esou eng Persoun hiert Gesiicht.

Ass dat et wäert? Fir mech op alle Fall net. D’Vertrauen ass dann nämlech ganz fort, wéi bestëmmt och bei de Follower vum Belle Gibson. Hei passt de Sproch: "Wien ee Mol litt, deem gleeft een net, och wann en d’Wourecht seet". Am Endeffekt schneit een sech a säin eegent Fleesch.

Ech schwätze hei kloer vun deene Ligen, déi anere Leit op iergendeng Manéier schueden. Et gëtt jo verschidde Variante vu Ligen. Et ass eppes anescht, wann ee geleeëntlech engem eng kréckelt, fir eventuell engem Sträit aus de Féiss ze goen oder aus Héiflechkeet fir kee virun de Kapp ze stoussen. Dat si kleng Ligen oder Noutligen. Mä och do soll engem ëmmer bewosst sinn: "Lügen haben kurze Beine".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.