Apropos vum Michèle SchonsHutt Dir eng Clientskaart

Wéi eng Kaart muss mer dann elo eraushuelen? A wéi engem Buttek si mer... wéi vill Punkten hunn ech dann elo mëttlerweil scho gesammelt? Déi Froen huet d'Michèle sech där Deeg och gestallt, wéi et akafe war

10/10/2017 Apropos - Hutt Dir eng Clientskaart?


Sammelt Dir Käerzen? Sidd Der interesséiert un neien Dëppen? Di musst esou vill mol akafe goen, an Timbere pechen, da ginn et fonkelnei Handdicher fir an d'Kichen. Bei all Auto Wäsch e Stempel, bei 10 Stéck kritt een den Auto eemol fir näischt gestaubsaugert. De Coiffeur huet ären Numm am Computer, wann der schéin trei bleift an ëmmer nees zeréck kommt, da kritt der d'Hoer eng Kéier fir näischt gefönt. Et ginn honnert Méiglechkeete fir de Client a sengem Buttek ze behalen, an ëm och esou vill wéi méiglech ze verkafen, esouguer eng ganz Wëssenschaft stécht dohannert an nennt sech Marketing Strategie. Dat sinn esou Phenomener dass et no Vanillekichelcher richt, wann ee laanscht de Bäcker geet, obwuel de Geroch nëmmen aus enger Spraydous kënnt, oder d'Fleesch wat ënner speziell roude Luuchte läit, dass et och besonnesch schéin appetitlech ausgesäit, Kannerschokela, ëmmer bei der Kees prett, op der Héicht wou déi Kleng Butzen och gutt drukommen, an der Kees gëtt et dann nach eng, zwou oder dräi Kamellen, net well d'Caissière meng Kanner esou léif fënnt, ma fir dass d'Kanner bei der nächste Kéier och sécher froen; Mama kënne mer nees an dee Buttek goen, wou ech eng Kamell kréien... Oder ganz flott och ...eng Musek, déi een an eng Aart onbewosst Trance versetzt, dass een och laang laang ganz laang am Buttek bleift... jee.. d'Wuer muss un de Mann bruecht ginn, egal wéi.
Do gefält mer dach awer d'Iddi vum Gwylim Davies besser, en Englänner, dee viru Joren d'World Barista Championchips gewonnen hat. Hie mécht et anescht, wéi ech elo rezent an engem Artikel gelies hunn: Säi Slogan: Drénk 8 Tase Kaffi, an 8 ënnerschiddleche Coffeeshops. Kuck dass de iwwerall e Stempel kriss, an da kriss de bei mir e Kaffi gratis.        
Wéi...? duecht ech....dee schéckt seng Cliente fort, a belount se och nach dofir? Ganz genee. De Client soll de Choix hunn a selwer mierken dass et och nach aner gutt Kaffisbare ginn. Do sollt ee konsomméieren a selwer entdecke wéi gudde Kaffi schmaache soll. Um Enn soll een da wësse wou et dee beschte Kaffi gëtt. Beim Gwylim natierlech. Ass dat clever? Ech géing soe jo. Et ass Allefalls e klore Message derhannert: Nämlech deen dass hien net just e Produit verkafe wëll, well et säin ass, ma de Mann wëll dass een teste geet, a selwer décidéiert wou et dann elo dee beschte Cappuccino, oder Espresso gëtt. De Mann mécht dat elo bal 10 Joer laang an den Erfolleg schwätzt fir sech.
De Client ass jo och net domm a wäert sech et souwisou net huele loosse fir och mol enzwousch anescht schmaachen ze goen, firwat sollt een en dobäi net ënnerstëtzen? A gläichzäiteg Iwwerzeegt bleiwen dass déi eege Produiten all Verglach Stand halen. Mol ganz éierlech, esou eng richteg Klientsbindung oder Bezéiung op Éiweg gëtt et jo souwisou net, bannen heescht ustrécken, Wee léist sech scho gären ustrécken?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.