Apropos vum Christiane KremerDee léiwe Virwëtz

Virwëtzeg sinn ass eng gutt an och heiansdo eng manner gutt Eegenschaft. Do kann een och nach vum gesonde Virwëtz an dem "léiwe" Virwëtz schwätzen.

De Mënsch ass virwëtzeg an dat ass och gutt esou, wier en dat net, hätte mer eis och ni weiderentwéckelt, op kengem Niveau.
Virwëtz gëtt ausgeléist duerch déi verschidde Reizer, déi aus eiser Ëmwelt kommen. Wa mer deene Reizer noginn, fanne mer nei Informatiounen eraus, déi eis vläicht weiderhëllefen, vläicht och just fir den Ament frou maachen oder eis dreiwen nach weiderzesichen. Wann där Reizer awer keng dorëmmer sinn a mir eis langweilen, da maache mer eis nawell gär op d'Sich no neie Reizer, déi dann eise Virwëtz stëppelen. Och dat kann duerchaus positiv sinn, mä wann d'Langweil ze intensiv ass, kann se gär och d'Fantasie ureegen an da kann de Virwëtz emol eng aner Nues kréien an eis an eng Richtung leeden, bei där mer iwwerdreiwen oder eis ze vill fir aner Mënschen interesséieren, wat deene sécher net ëmmer gefält. Et ass wéi ëmmer: alles a Moossen, also och de Virwëtz.
Eng Etude vun 2015 huet iwwregens eraus fonnt, datt mir Mënschen, net gär am Onklore sinn an dofir sou laang no Informatioune sichen bis mer eppes gewuer ginn, och wann dat negativ Konsequenzen huet.
Firwat ech dat elo alles erzielen? Well ech vrun e puer Deeg op der Autobunn ënnerwee war an, wéi esou dacks, eréischt um leschte Stëppel fortkomm sinn. D'Opfaart op d'Autobunn war och einfach ze fueren, mä knapps e Kilometer méi spéit, goung näischt méi. Net op menger Säit a vrun allem net op der Géigesäit, do war alles duerch en Accident blockéiert. Um Radio huet de Kolleg Bob da grad och vun deem Accident geschwat, mat e puer Gefierer, déi dra verwéckelt wieren. An direkt hannendrun, koum d'Informatioun, och op der anerer Säit géif et méi lues weidergoen wéinst "deem léiwe Virwëtz".
E Saz, deen ech och scho bei Trafic-Informatiounen esou gesot hunn, deen ech mer awer praktesch nach ni virgestallt hunn an deen ech mer an dësem Moment och net virstelle konnt.
Mä tatsächlech hunn ech net schlecht gestaunt, wéi ech gesinn hunn, datt tatsächlech nodeems ech laanscht den Accident vun der anerer Säit war, et bei mir gerullt ass. Do war op eemol wäit a breet kee Stau méi, just Autoen, déi normal op den zwou Spuere gefuer sinn.
Zu wéi enger Zort soll ech dee Virwëtz dann elo zielen? Deen deen eis weiderbréngt bei iergendeppes, deen deen d'Langweil ausgeléist huet oder deen, deen eis eng Informatioun liwwert, och wann et eng negativ ass.
Bei mir war dat Negatiivt, datt ech ze spéit op mengem RV war, bon, vläicht hätt ech och kënnen e bëssi éischter fortfueren. Well mam "léiwe Virwëtz" muss een ëmmer rechnen. En ass esou mënschlech!

Apropos: De léiwe Virwëtz



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.