Apropos vum Bea KneipE Plädoyer fir d'Onmënschlechkeet

Wat bedeit dat Wuert „Mënschlechkeet“ eigentlech? Déi Fro huet sech d’Bea Kneip gestallt. Am Apropos vun haut hält hat e „Plädoyer fir d’Onmënschlechkeet“.

19/10/2017 Apropos: E Plädoyer fir d'Onmënschlechkeet
.



A Portugal an a Spuenien brennen d’Bëscher, Dosende Leit si schonn ëm d’Liewe komm. Déi schro Bëschbränn sinn awer keng Naturkatastrof, villméi sinn et Mënschen déi do mam Feier,  a mam Liewe vun anere gespillt hunn.
Mënschen déi och muttwëlleg Bëscher zerstéieren, déi iwwert Jorhonnerte gewuess sinn, a Liewensraum fir e sëllechen Déiere waren. Wat huet dat mat „Mënschlechkeet“ ze dinn?
Dat Wuert „Mënschlechkeet“ benotze mer jo dacks wa mer eigentlech vu Wäerter wéi Guttheet, Versteesdemech oder Solidaritéit schwätzen. Mënschlechkeet, sou sinn wéi e Mënsch, oder, besser gesot, esou wéi e Mënsch am idealfall sollt sinn. Mä, wéi si mir Mënschen da wierklech? Wann een dann esou eng Nouvelle wéi déi vun de Bëschbränn héiert, kéint ee schonn un eiser „Mënschlechkeet“ zweiwelen. 
Esou ze sinn wéi e Mënsch, dat ass leider net onbedéngt e Kompliment. A sech ze behuelen wéi en Déier, wier villäicht emol guer net esou schlecht. Déiere geheie keen Dreck an d’Landschaft, an e Bësch unzestiechen, géif hinne wuel kaum an de Sënn kommen, och wann se et kéinten. Si kenne kee reliéisen oder politesche Fanatismus, sinn net op Suen aus, féiere kee Krich an si hunn et bis elo och nach net fäerdegbruecht e globale Klimawiessel auszeléisen. Dat maache just mir Mënschen, an dorop brauche mer wierklech net houfreg ze sinn!
Et géif eis also sécher gutt doen, fir e bësse méi on-mënschlech ze ginn, an domat hoffentlech eng Grimmel méi mënschlech, déi Kéier am beschte Sënn vum Wuert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.