Apropos vum Yann LogelinLeise rieselt der Schnee

Haut a genee zwee Méint ass Chrëschtdag. En Apropos vum Yann Logelin

25/10/2017 Apropos: Leise rieselt der Schnee


Esou lues awer sécher fänkt d'Lawin vum Schluss vum Joer un op eis duer ze rullen. Den Eggnog steet am Supermarché, de Chrëschtbéier ass am Bistro ukomm an och Stollen an aner Schneekegkeete sinn ewell iwwerall disponibel.

Et weess ee wéini ee wou bei der Famill soll sinn an eventuell ass och iwwert d'Kaddoe geschwat ginn, déi entweder zougeloust ginn oder déi, dat ass jo vu Famill zu Famill verschidden, jidderee jidderengem mécht.

Anscheinend, dat sot elo virun e puer Deeg eng Etüd, déi bei eisen däitschen Nopere realiséiert ginn ass, kafen nach ëmmer zwee Drëttel vun de Leit hir Kaddoe fir d'Famill klassesch an de Butteker an bestelle se net iwwer Internet. Fir en Shoppingtour duerch d'City schwätzt, deene Leit no, déi hir Kaddoen dohi kafen, dass een d'Wuer, déi ee verschenke wëll upaken a se op Qualitéit an Präisleeschtungsverhältnes beuerteele kann.

Wann et iech, elo wou grad emol déi ausgehielegt Kalbasse virun der Dier stinn, ier d'Griewer geseent sinn an ier d'Kanner ufänken de Schong fir de Kleeschen ze stellen, nach ze fréi ass, fir iech Gedanken iwwert d'Chrëschtkaddoen ze maachen, ass et villäicht awer net fréi sech scho Gedanken ze maachen ob se dann iwwerhaapt néideg sinn.

Wier et méi sënnvoll sech op de Grondgedanken, op Léift an eventuell esouguer de spirituell-reliéisen Deel vu Chrëschtdag ze konzentréieren? Kaddoen emol op der Säit loossen a puer schéiner Momenter mat deene Leit ze verbréngen, déi engem no stinn an déi ee gären huet.

Firwat net dëst Joer zesummen als Famill en Don maachen, amplaz Saachen ze verschenken a geschenkt ze kréie fir déi een net onbedéngt vill Verwendung wäert hunn?

Geschwënn ass 2018 an da si mer schonn 3 Joer iwwert d'Deadline eraus, déi di Vereenten Natioune sech 2000 mat hire Milleniumsziler gesat hate a wou et, ënnert anerem, ëm d'Verréngere vun extremer Aarmut, ëm d'Fuerdere vu Bildung, eng Reduktioun vun der Kannerstierflechkeet an ëm eng global Éntwécklungshëllefpartnerschaft gaangen ass... an déi wäit ewech vun erfëllt sinn.

E Gedanke, deen ee sech virum „End of the year“-Konsumrausch emol maach kéint. Fir all déi, déi dagdeeglech ëm dat battert Iwwerliewe kämpfe mussen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.