Apropos vum Michelle ReiterMir ginn an d'Butteker

Kommt Kanner, mir maachen haut eppes ganz Verrécktes. Mir ginn an e Buttek. Kéint dat Zukunft sinn?

24/10/2017 Apropos: Mir ginn an d'Buttiker



Dir kennt d'Reklamm. Et schellt un der Dier. An do steet en. De Mann, mam Pak am Grapp. E Pak vun deem Online-Verkeefer dee vun A bis Z, wéi Zalando, alles fir an d'Féiss huet.
Do fänkt all Fra u mat jäitzen... ouni Ausnahm... mengt een an der Pub.
A wat gëtt dat eréischt e Gejäiz wann déi och elo nach Parfum a Crème verklickeren. Da muss jo kee méi virun d'Dier. Well méi wéi en Zëmmer voll schéiner Schong an e Schaf voll Crème brauch d'Fra vun Haut jo net fir glécklech ze sinn... do si mer eis jo eens.
Geck an den Eck, an deen, wou d'Sandalen elo iwwer de Wanter Paus maachen.
A mam Wanter kënnt deen Thema, deen ech nach wëll uschneiden.
Soubal d'Halloween-Saachen elo nämlech aus de Regaler sinn,
da stellen Kleeschen a Chrëschtkëndchen Beispiller vun hire Kaddoen an d'Butteker.
De Liefkuch an de Spekulos ass jo schonn ukomm.
Eng Ëmfro aus Däitschland, déi mech gefreet huet war déi, dass déi meescht Leit léiwer hir Kaddoen am Buttek kafen wéi iwwer Internet.
Méi wéi 2/3tel vun de Befroten hu gesot, si géinge léiwer an e Geschäft goen. D'Saachen upaken, sech berode loossen an de Pak och direkt mat Heem huelen, dat sinn d'Haapt-Argumenter fir an de Buttek ze goen..
Déi Befroten ënner 35 allerdéngs géingen léiwer online shoppen.
Ganz mauer ass et natierlech, wann een d'Kleeder oder Schong oder Apparater oder wat och ëmmer an de Buttek kucken oder umoosse geet an dann um Netz seng Bestellung mécht.
Da musse mer eis net wonneren wann d'Geschäftsstroossen net méi attraktiv sinn, wann d'Butteker déi engem gefall hunn een nom anere verschwannen, an de Kontakt Client Vendeuse/Vendeur verluer geet.
Fir dass et net eng Kéier heescht: akafen, wéi geet dat dann?... net nëmmen log in... mee och erëm come in and find out.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.